Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sex, Drogen ... a Glace

Album vun der Woch

Sex, Drogen ... a Glace

A "Room 29" portraitéieren de fréiere Pulp-Frontman Jarvis Cocker an de Pianist Chilly Gonzales skurril an hondstraureg Gäscht vum Marmont Hotel zu Los Angeles. Zesumme lueden déi zwee an op eng Rees an d'Häerz vum Hotel Château Marmont an den USA.

auto_stories

4 min

"Room 29" vum Chilly Gonzalez (lénks) an Jarvis Cocker ass bei der "Deutsche Grammophon" erauskomm (Foto: © REM Productions / Philipp Jedicke)

De kreative Prozess ass ee grousse Mystère. Gäre stellt ee sech de Kënschtler vir, eleng mat senger Schreifmaschinn, virun engem eidele Blat, mat enger Zigarett tëschent den Zänn - an dat an engem Hotelszëmmer. Dat Bild kënnt net vun ongeféier.

Am Chelsea Hotel zu New York huet an de 60er Jore jiddereen aus der Museks- a Filmwelt iwwernuecht, matenee geschlof, oder geschafft. An deen een oder anere Gaascht huet einfach Mol d'Zëmmer ausernaner geholl.

Prominent Gäscht

Ähnlech ass de Château Marmont um Sunset Boulevard an der Stad vun den Engelen, Los Angeles. D'Sofia Coppola huet do e Film gedréint, den John Belushi ass do un enger Iwwerdosis verstuerwen an anscheinend kruten Hunter S. Thompson, Annie Liebovitz, F. Scott Fitzgerald a Charles Bukowski vill an de Gemaier vum Marmont geschafft. Den Jarvis Cocker huet sech genee dofir, a wéinst villem méi, de Room 29 am Marmont reservéiert.

Um Album geet ëm déi kleng a grouss Geschichten an Dramaen, déi sech hannert de Wänn, oder an de Käpp vun de Gäscht ofspillen. Zum Beispill geet et am Song "Clara" ëm d'Pianistin Clara Clemens, dem Mark Twain seng Duechter, déi e Fligel am Room 29 vum Hotel installéiere gelooss huet.

Keng Schnulz, keen Exzess

Léisst den Jarvis Cocker, "éminence grise" vum 90er Britpop (hie war Frontmann vu Pulp), sech hei op e romantesch nostalgeschen Trip an? Bei deem Erënnerungen un dat aalt Hollywood an u besser Zäiten d'Soen hunn? Agedaucht a schwaarz-wäiss Biller vum Helmut Newton? Nëmmen op den éischte Bléck.

Et geet, wéi sou dacks bei Pulp/Cocker, ëm den Exzess, Sex a Sexualitéit. Méi genee ëm d'Sexualitéit am Zesummenhang vun engem urbanen Ëmfeld, dat d'Psychologie vun de Personnagen am Wierk vu Pulp ëmmer nees beaflosst huet.

Thematesch denkt een do natierlech un "This is Hardcore" vun 1998. Mä deemools si Pulp selwer nom Succès vu "Common People" an "Different Class" an de Sex- an Drogen-Exzess gefall. Während den Opnamen zum Follow-Up war d'Band kuerz virdrun z'implodéieren. Dat ass awer elo 20 Joer hier.

Radiostëmm a Sträicher-Quartett

De Cocker huet alles iwwerlieft a fleegt elo seng Existenz als suaven Dandy vu Sheffield, deen zu Paräis wunnt. Zënter e puer Joer, tëscht der franséischer Haaptstad an Hamburg, schafft hie mam Chilly Gonzales un dësem Songzyklus iwwert de Château Marmont.

Wien d'Carrièrë vu Cocker a Gonzales verfollegt, fir dee mécht dësen Album inhaltlech wéi formal, méi wéi Sënn. Den Jarvis erweist sech als Radiospresentateur vu sengem "Sunday Service" op Radio 6 a senger lasziv-ironescher Diktioun als ludiquë Chroniqueur vun ausseruerdentlech ureg-komesche Geschichten aus allen Epochen an Themeberäicher. Seng vokal Prestatioun op dësem Album huet dann och méi eppes vu Radiointerventioun wéi vu Sangen.

Räich, schéin an traureg

Um Disque, dee bei der "Deutsche Grammophon" erauskoum, geet et ëm déi hondstraureg Gäscht vum Hotel, déi zwar räich a berühmt, dofir awer immens eleng sinn. "Du brauchs keng Frëndin, du brauchs eng assistante social", sou de Cocker zum anonyme Star, dee grad an der Lobby vum Marmont eleng ronderëm trëllt.

Den David Thompson kënnt iwwer Archivmaterial ëmmer nees op den Howard Hughes ze schwätzen. De Hughes gëtt als verwinnte Schwäikand beschriwwen, dat vum Marmont aus der Fënster eraus no neien interessante Meedercher/Stars vu senge Filmer mat der Spektiv sicht.

D'Jean Harlow kënnt och net al ze gutt ewech. Mä bei allem Zynismus hëlt de Cocker sech selwer an den Nolauschterer mat Gefill mat an déi däischter Equatioun eran. An iwwerhaapt, wéi traureg ass en Hotelszëmmer, an deem ee selwer kee Sex dran hat?

Eng emotional Gradwanderung

De kanadesche Pianist a Produzent Chilly Gonzales ass sengersäits op engem Punkt a senger Carrière, datt hien, egal ob a Buedmantel oder Kostüm, scheinbar all Philharmonie vun der Welt gefëllt kritt. Hien ass mat Solo-Piano-Disquë berühmt ginn, mä an der Lescht tourt hie mam däitsche Kaiser-Quartett.

D'Membere vum Quartett hunn dann och e puer efficace a schéi Sträicherpassage fir "Room 29" opgeholl. An dem Gonzales seng nei Nocturnë sinn op Aenhéicht mat den Texter vum Cocker a ginn Hand an Hand mat senger Stëmm.

Et ass ee batterséissen Album: Zum Deel immens witzeg, zum Deel pechschwaarz an immens traureg. De Cocker mécht ëmmer eng Gradwanderung tëscht "Desolation Row" a Romantik "à l'état pure". Mee den Här huet am Geheimen awer eng immens déif Sympathie fir den Hotel a seng Gäscht, déi als "Plat de résistence" am léifste Glace hunn.