Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Goblin - Suspiria

Sample vun der Woch

Goblin - Suspiria

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Goblin ass eng italieenesch Prog Rock Band. Déi meescht vun hiren Albume si Soundtracks fir Horrorfilmer, déi gréisstendeels vum Dario Argento gemaach goufen. Ee vun de bekanntste Soundtracks ass dee fir de Film "Suspiria" vun 1977, vun deem 2018 e Remake gemaach gouf.

D'Grupp Goblin koum 1972 zesummen an huet sech fir d'éischt Cherry Five genannt. Hiren éischten Album "Cherry Five", dee beim Label Cinevoxx erauskoum, hat deemools mëttelméissegen Erfolleg. Mee duerch deen Album gouf zumindest den Dario Argento op si opmierksam, well hien och bei dëser Firma seng Filmer produzéiert huet. Hien huet si 1975 gefrot fir de Soundtrack vu sengem neie Film "Profondo Rosso" an enger Nuecht nei ze schreiwen. Hie war mat der jazzy Versioun vum Giorgio Gaslini bis dohinner net zefridden, a si hate Sträit wéinst der Musek kritt. Cherry Five hu sech dunn op Goblin ëmbenannt an hunn ënner der Opsiicht vum Bandleader a Keyboard-Spiller Claudio Simonetti de Soundtrack, bis op e puer Detailer, an e puer Deeg ganz nei opgeholl. De Film an de Soundtrack kruten e risege Succès! Si waren domat 52 Wochen an der italieenescher Hit-Parad.

Kuerz drop hu Goblin nees en normalen Album opgeholl, deen net fir e Film geduecht war, den Album "Roller", mee deen huet nees net esou gutt funktionéiert. D'Band war kuerz virdru sech opzeléisen, wéi den Dario Argento hinnen nees en Optrag ginn huet fir eng Filmmusek. Déi ganz Musek vu "Suspiria" gouf geschriwwen an opgeholl, éier de Film gedréit gouf. De Film gouf quasi op d'Musek geschriwwen! Mat dësem Album hate si nees grousse Succès an dat huet och hir Bezéiung mam Argento gestäerkt a bestätegt. De Soundtrack dréit definitiv zu der Spannung vum Film bäi. Goblin bréngen et fäerdeg duerch intensiv an dicht Kompositiounen eng eenzegaarteg Atmosphär hierzestellen.

Hir Aflëss fir Filmmusek waren éischter Kraftwerk an Giorgio Moroder, manner aner klassesch Filmkomponisten. Hautdesdaags ass bekannt, datt dëse Soundtrack Leit wéi John Carpenter, Tangerine Dream oder esouguer Kyle Dixon vu Stranger Things immens beaflosst huet. No "Suspiria" hu Goblin an den nächste Joren op enger Dose Filmer mam Argento zesummegeschafft.

D'Leitmotiv vu "Suspiria" gëtt 2003 vum RJD2 gesampelt fir dem Cage säin "Weather People" doraus ze maachen. Dat Lidd war um Album "Weatherproof" a koum bei Eastern Conference eraus. De Cage fänkt an dëser Period u méi positiv an optimistesch Texter ze schreiwen, nodeems hien a senger Jugend eng Zäit an enger psychiatrescher Anstalt verbruecht huet.

2004 bréngt de Mr. Hyde och e Lidd mam selwechte Sample eraus, "Knife In Your Spine", produzéiert vum Necro.

De Sample gëtt hautdesdaags nach ëmmer vun Zäit zu Zäit benotzt wéi et A$ap Mob mat "Telephone Calls" beweist. Um Lidd sinn ze héieren: A$AP Rocky, Tyler, The Creator, Yung Gleesh a Playboi Carti.