Radioen

On air

De Weekend  |  Cass Mccombs - Switch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kool & the Gang - Little Children

Sample vun der Woch

Kool & the Gang - Little Children

Kool & the Gang sinn eng vun de bekanntste Funk-Bands vun de 70er an R'n'B-Gruppe vun den 80er an hu mat hiren 23 Albumen a 70 Maxien iwwer 70 Millioune Placke verkaf. D'Grupp gouf 1964 zu New Jersey vun den zwee Bridder Robert a Ronald Bell gegrënnt, zesumme mam Dennis Thomas, Robert Mickens, Charles Smith, George Brown a Ricky West.

auto_stories

3 min

Dem Robert Bell säi Spëtznumm war "Kool" an esou koum et dozou, datt d'Museker sech ganz einfach Kool & the Gang genannt hunn. Déi aacht héichtalentéiert Museker kréien 1970 hiren éischte Placken-Deal bei De-Lite Records.

Am Ufank ware si eng reng instrumental Jazz-Band mat Funk-Aflëss. Well een si net richteg konnt aklasséieren, kruten si net wierklech dee Succès, dee si erwaart haten. Doropshin hu si hir Richtung an hire Manager gewiesselt. Beim véierten Album hunn si mat villen Disco-Elementer geschafft a waren du méi zougänglech.

"Open Sesame": Eng Goldgrouf u Samples a Melodien

Si haten hiren éischten Duerchbroch mat Lidder wéi zum Beispill "Spirit Of The Boogie" oder "Summer Madness". 1976 hunn si hiren aachten Album erausbruecht, ëm deen et hei geet: "Open Sesame". Et war scho bal d'Enn vun der Disco-Period an och hire Sound huet do drënner gelidden.

Obwuel den Album eng Goldgrouf u Samples a Melodien ass, goung hire Succès zeréck. Den Titeltrack "Open Sesame" war bekannterweis um Soundtrack vum Film "Saturday Night Fever", mee all déi aner Lidder hunn et net bis op den Dancefloor gepackt.

De bizaren a launesche "Little Children" gouf eng Dose Mol am Hip-Hop gesampelt. Quasimoto aka Madlib bréngt 2000 säin éischten Album bei Stonesthrow eraus. Et ass ee vun de bedeitendsten Albume vun der neier Underground Westcoast-Rapzeen.

"The Unseen" ass e Musterbeispill u Kreativitéit. De Madlib baut hei e komplexe Puzzle, deen aus Elementer vu psychedeleschem Rock, Funk, Jazz besteet a mixt dat Ganzt mat Humor, andeems hie seng Stëmm wéi ënner Helium eroppitcht. Esou ass et och kee Wonner, datt hien hei Kool & the Gang sampelt fir säin "Money Hungry Bitches" doraus ze maachen.

"Doe or Die" ass dem AZ säin Debut-Album, deen 1995 erauskoum. Buckwild produzéiert him de Beat fir säi Lidd "Ho Happy Jackie" a benotzt och de Kool & the Gang hire Sample.

E bëssen als duebelen Hommage bréngen de Retrogott a Flowmega 2009 hiren "Money Hungry Children" beim Kölner Label Melting Pot eraus. De Beat ass gebastelt vum Twit One a gouf als limitéiert 7-Inch gepresst.