Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Knuspreg, lyresch a rhythmesch elastesch

Roy Ayers - The Memory

Sample vun der Woch: Knuspreg, lyresch a rhythmesch elastesch

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz, e Mann, Jore viru senger Zäit. Hie gouf dacks am Hip-Hop gesampelt, mee dem Ayers säi Stil war ëmmer am Jazz verwuerzelt: en ass knuspreg, lyresch a rhythmesch elastesch. Hien ass opgewuess an enger musikalescher Famill: säi Papp huet Trombonn gespillt, seng Mamm huet hie Piano geléiert.

Hie krut e Vibrafon geschenkt mat 5 Joer, mee huet eréischt ugefaangen drop ze spillen mat 17. Ufank zwanzeg huet hie sech an der West Coast Jazzzeen engagéiert. Nodeems hie véier Joer laang mam versatille Flüttist Herbie Mann getoured huet, huet hien Enn den 1960er seng Oueren opgemaach fir aner Museksstiler wéi den Jazz, mat deem hien opgewuess war. Nodeems hien dräi Soloalbume fir Atlantik ënner der Opsiicht vum Herbie Mann opgeholl huet, huet den Ayers de Mann-Grupp 1970 verlooss fir Roy Ayers Ubiquity ze grënnen.

Hien huet dunn e puer Albume fir Polydor opgeholl. Obwuel hien am Ufank offensichtlech vum Miles Davis an dem Herbie Hancock beaflosst gouf, huet den Ayers säin Jazz no an no fir den R&B, Funk a soulful Disco fale gelooss. All seng Albume vun där Ära, vun 1975 bis 1977, hunn et an d'RnB Charts gepackt. Dozou gehéiere "Mystic Voyage", "Everybody Loves the Sunshine" an den Album "Vibrations", vun deem d'Lidd "The Memory" ass.

Et gouf e puermol am Hip-Hop gesampelt, mee ass bei mir besonnesch wéinst Lidder vun der Westcoast hänke bliwwen. De Spice 1 huet et zum Beispill 1994 benotzt fir säi "Face of a Desperate Man" vum Album "AmeriKKKa's Nightmare" doraus ze maachen.

Lil Half Dead aus Long Beach Kalifornien huet d'Lidd "The Memory" fir säin Track "That's What You Get" vu sengem Album "The Dead Has Arisen" och dat selwecht Joer erfollegräich gesampelt.

De Sample huet et ëm dës Period och bis a Frankräich gepackt: 1995 sampelt de Sléo de Roy Ayers fir säin "Je lance les dés" ze produzéieren. Dat war op sengem éischten Album "Ensemble pour une nouvelle aventure".