Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Joe Tex - Papa Was Too

Hip-Hop

Sample vun der Woch: Joe Tex - Papa Was Too

De Joe Tex war en amerikaneschen Sänger, deen e puer vun de gréisste Soulhits geschriwwen huet. Seng Lidder goufe vum Claude François, mee och vun Das EFX, X-men oder vum Madonna iwwerholl.

auto_stories

3 min

De Joe Tex ass gebuer an Texas, USA an ass an der Stad Baytown opgewuess.

Seng Karriär als professionelle Sänger huet op der Bün zu New York ugefaangen, am Apollo Theater. 1954 huet hien déi éischt Plaz an engem Talentconcours gewonnen a krut e Plackevertrag.

Seng éischt Opname beim Label King Records ginn enttäuschend wéineg verkaf. Den Tex perfektionéiert doropshin seng Songwriting Kompetenzen.

Säi Cover vum James Brown sengem "Baby You'Re Right" vun 1962 gouf en Hit, wat him e Vertrag mat Dial Records bruecht huet.

Och wa seng éischt Produktioune villverspriechend sinn, ass et eréischt 1965, wéi den Tex Erfolleg kritt, guidéiert zu Nashville vum musikalesche Produzent Buddy Killen.

Opgeholl an de berüümte Muscle Shoals Studioen zu Alabama a vun Atlantic vum Dial Killen Label verdeelt, huet säin "Hold What You've Got" d'Top 5 an den amerikanesche Pop-Charts erreecht a war eelef Woche laang an den amerikaneschen Top 100: d'Single verkeeft sech eng Millioun Mol am Joer 1966.

Aner Singele kommen no, nämlech "A Woman Can Change a Man" an "The Love You Save (May Be Your Own)", déi allebéid Ballade sinn. Och Lidder an engem aneren Tempo, wéi "The Letter Song" vun 1966 a "Show Me" vun 1967 ginn zu Hits.

"Show me" gëtt souguer vum Claude François ënner dem Titel "Cherche" adaptéiert, woumat hien ëmmer seng Concerten ufänkt. Eleng 1965 bréngt de Joe Tex siwe Singelen eraus, sechs am Joer 1966 a fënnef am Joer 1967. Hie publizéiert méi wéi drësseg Singele virun der Verëffentlechung vu sengem éischten Album, vun deem mir hei schwätzen: "I've Got to do a Little Bit Better".

E manner bekannte Lidd vun dësem Album, "Papa Was Too", gouf gutt 300 Mol am Hip-Hop an an der Pop gesampelt.

Besonnesch déi véier éischt Bars vu renger Perkussioun goufen als Basis benotzt fir renomméiert Hip-Hop-Hymnen ze schreiwen, wéi zum Beispill "Real Hip Hop" vun Das EFX.

Den DJ Premier komponéiert dësen Hit 1995 fir hiren drëtten Album "Hold It Down". Dem Tex seng Drums sinn däitlech erauszehéieren.

Genee esou ass et bei de Fransouse vun X-Men. "J'attaque du Mic" ass den X-Men hiert éischt Lidd a koum och 1995 eraus.

D'Lidd vum Hill-G, Cassidy an Hi-Fi war op der Kompilatioun "Timebomb Vol.1" a war produzéiert vun DJ Sek.

Mee de Sample taucht ëmmer erëm op, tous genres confondus. Esou héiert een zum Beispill och d'Madonna am Joer 2020 op dem Joe Tex seng Drums sangen.

Si benotzt de Sample um Lidd "Porches" op hirem Album "Ricky Music".