Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Joe Cocker - Woman to Woman

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: Joe Cocker - Woman to Woman

Den englesche Sänger Joe Cocker war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt. Hie gouf ënner anerem vum 2Pac an Dr. Dre gesampelt.

auto_stories

2 min

Den Joe Cocker huet 22 Albumen an enger 43 Joer laanger Karriär erausbruecht an ass 2014 mat 70 Joer gestuerwen. Hie gouf am November 1968 quasi vun 0 op 100 berüümt, an dat duerch seng Reprise vun de Beatles hirem Lidd "A Little Help from My Friends". Seng Performance um Woodstock Festival huet dëse Succès bestätegt.

No sengen erfollegräichen zwee éischten Albume geet hie mat 40 aneren Artisten op eng enorm Welttournée, déi "Mad Dogs & Englishmen" geheescht huet. No senger Tournée muss hie leider mat Addiktioune kämpfen, doduerch kënnt säin drëtten Album, vun deem dat heite Lidd staamt, leider net méi op den Niveau vun deenen zwee éischten.

Eng nei Richtung

Effektiv ass "Something to Say", den drëtte Studioalbum vum Joe Cocker, 1972 erauskomm. Dësen Album huet dem Cocker seng Richtungsännerung an eng méi jazzy Blues-Stilrichtung däitlech gemaach.

E krut vun der Press e gudden Accueil, mee hat beim Publikum just e mëttelméissege Succès. Den Album ass an deem Sënn ongewéinlech, well de Cocker d'Texter zu sechs vun eelef Lidder selwer geschriwwen huet. "Woman to Woman" ass eent vun de fënnef Lidder, déi hien zesumme mam Chris Stainton geschriwwen huet.

Den Haaptinterêt vun dëser Plack bleift awer d'Tatsaach, datt 23 Joer méi spéit deen deemolege bekanntste Rapper vun der Westcoast "Woman to Woman" als Basis fir säi gréissten Hit benotzt, an zwar "California Love".

Effektiv produzéiert den Dr Dre dem 2Pac e Welthit mat enger Joe Cocker Melodie: wien hätt dat geduecht? Am Mad Max Outfit rappen déi zwee Kolleegen aus Compton an hirem Video iwwer hire kalifornesche Lifestyle. Dëst Lidd war um 2Pac sengem Duebelalbum "All Eyez on Me".

Mee dat wat wéineg Leit wëssen, ass datt de Cocker schonn iwwer eng Dose Kéiere virum Dr Dre gesampelt gouf. Zum Beispill vu Wreckx-N-Effect, Kenny Dope oder Nice & Smoothg, grad ewéi d'Versioun vun Ultramagnetic MC's. Si benotzen de Sample fir hiert Lidd "Funky", dat op hirem Album "Critical Beatdown" vun 1988 war.