Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: DeBarge - I Like It

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: DeBarge - I Like It

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet. Nieft verschiddene Solo Projete war DeBarge als Kollektiv aktiv tëschent 1979 an 1989. D'Grupp bestoung ursprénglech aus de Memberen El, Mark, Randy a Bunny DeBarge. Den James, Bobby an Chico DeBarge koume méi spéit bäi.

DeBarge huet sechs Studioalbumen erausbruecht, véier vun hinne bei der Motown Duechtergesellschaft Gordy Records, woubäi dee leschten dee meeschtverkaaften ass. Fir hiren éischten Album, dee kee Succès hat, hu si sech nach The DeBarges genannt.

Erfolleg als DeBarge

1982 hu si hire Brudder James an de Cousin Cameron an d'Opstellung vun der Grupp bäigefüügt an nenne sech elo just nach Debarge. Si huele kuerz drop hiren zweeten Album "All This Love" an den Motown Studios op, mat der fermer Intentioun en Hit ze schreiwen, e bësse wéi d'Jackson 5 vun den 80er.

Esou kënnt et dann och zu hirem Duerchbroch, besonnesch mam Lidd "I Like It", mat de super héijen Noute vum Refrain, gesonge vum El Debarge. D'Lidd koum am August 1982 eraus an huet et bis op Nummer zwee an den RnB-Charts gepackt, a war och gläichzäiteg an de Pop Charts.

No dësem Erfolleg gouf d'Grupp vum deemolege Superstar Luther Vandross ausgewielt fir hien op senger "Busy Body Tour" ze begleeden. Fir d'Grupp ass et leider duerno net méi esou gutt ausgaangen, si krute warscheinlech Problemer mat Motown an ënner sech.

I like it

Mee de Refrain vun "I Like It" gouf bal 100 Mol am Hip-Hop gesampelt. Dat bekanntste Beispill ass warscheinlech vum Grand Puba, deen d'Hook quasi eent zu eent iwwerhëlt. Säi Lidd heescht och "I Like It (I Wanna Be Where You Are)" a kënnt 1995 op sengem Album "2000" eraus.

Warren G iwwerhëlt de Sample och fir seng Westcoast Hymne "I Want It All" vu sengem Album mam selwechten Numm. Dee koum 1999 eraus a war featuring Mack 10.

De Sample gëtt duerch d'Joerzéngten ëmmer nees benotzt, e rezent Beispill ass "The Baddest" vum Joey Bada$$ sengem leschten Album, deen och "2000" heescht. Den Track ass erstaunlecherweis vum P Diddy begleet.