Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: De Philly Soul Sound

The Ambassadors - Ain't Got The Love

Sample vun der Woch: De Philly Soul Sound

The Ambassadors haten 1969 nëmmen ee klenge R&B-Hit, "I Really Love You", eng dramatesch Ballad mat engem Bléiser-Riff. Mat hirem Album "Soul Summit" hu si awer zum Héichpunkt vum Philadelphia Soul Stil bäigedroen.

auto_stories

2 min

The Ambassadors waren eng Grupp vun den Enn 60er, déi representativ fir de Philly Soul Sound waren. Si haten 1969 nëmmen ee klenge R&B-Hit, "I Really Love You", eng dramatesch Ballad mat engem Bléiser-Riff, deen eropgeet, geschriwwe vum Kenny Gamble. Si sinn awer laang genuch zesummebliwwe fir en Album ze maachen, dee "Soul Summit" geheescht huet.

De Leon Huff war um Piano an den Earl Young un den Drums, a béid hunn, an de fréie 70er, zum Héichpunkt vum Philadelphia Soul Stil bäigedroen. The Ambassadors waren net déi charismateschst Grupp zu hirer Zäit, mee hiren Album ass awer e Beispill mat Erfolleg fir déi, déi de Gamble-Huff Sound gär hunn. Effektiv, och wa "Soul Summit" mat Covere vun "You've Lost That Lovin' Feelin'", "Yes I'm Ready" an "Can't Take My Eyes Off You" gefëllt ass, ass et am Ganzen en zolitten a variéierten Album vu fréiem Philadelphia Soul. D'Harmonië si lieweg, d'Arrangementer richteg zefriddestellend an d'Drums hunn dee richtege knusprege Sound vun den Enn 60er.

Dës Plack gouf ni re-editéiert an ass mëttlerweil e klengt Verméige wäert, besonnesch zanter de Pete Rock d'Lidd "Ain't Got The Love" gesampelt huet. Hie mécht 1994 "I Got a Love" fir seng eege Grupp Pete Rock & C.L. Smooth doraus. Dat ass ee vun de Klassiker aus dëser Ära a war op hirem Kult Album "The Main Ingredient".

Den Ambassadors hire Sample gëtt reegelméisseg nees opgegraff fir verschidde Lidder doraus ze maachen, e weidert Beispill wier de G4 JAG mat "My Philosophy (feat. Flee Lord)" vun 2020.

Mee ee Beispill, dat mech méi markéiert huet, ass de Fransous Buck Oner, deen dem Makeba Mooncycle säin "A Fool's Story" produzéiert huet. Hie schenkt hei dem Sample e schéine Facelift a bréngt en esou nees op en zäitgenëssesche Level.