Fënnefvéierel Sacha Hanlet

Am Fënnefvéierel kucke mer haut dem Sacha Hanlet iwwer d'Schëlleren. De Museker hanner dem düsteren R'n'B Projet Them Lights, de Batteur bei Mutiny On The Bounty. Doheem a sengem Studio gëtt vill mat perkussiven Elementer experimentéiert an divers Kläng ginn eckeg elektronesch manipuléiert. Den Jamie Reinert mat enger klenger Impressioun vu sengem Aarbechtsprozess.

Sacha Hanlet

An der Mediathéik:

Fënnefvéierel / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Wien huet de funky Wuerm geklaut?
Sampledetektiv

Kaum e Lidd gouf esou dacks gesampled wéi "Funky Worm" vun den Ohio Players. Den Titel vun 1973 war der Funk Band hiren éischte grousse Succès. Bis haut daucht en ëmmer nees an Hip-Hop-Produktiounen op.

All diese Gewalt
Album vun der Woch

Mat "Andere" presentéiert All Diese Gewalt säin drëtten Album a bléift der melancholesch-depressiver Stëmmung trei. Eng musikalesch Flucht no vir, déi ënner d'Haut geet.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen