Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rosalía: Eng spannend Rees fir de Pop-Zirkus

Motomami - Album vun der Woch

Rosalía: Eng spannend Rees fir de Pop-Zirkus

Fir déi spuenesch-sproocheg Communautéiten ass d'Rosalía scho laang keen onbeschriwwent Blat méi. Op hirer neier Plack "Motomami" verbënnt si de Flamenco mat méi experimentelle Genrë wéi dem Reggaeton an dem Avantgarde-Electro. D'Vicky Stoll ass begeeschtert.

auto_stories

3 min

A Spuenien ass d'Rosalia längst ee Superstar. Op hirer éischter Plack "Los Angeles" vun 2017, covert si - just vun enger Guitar begleet - traditionell cantes, Flamenco-Lidder. Den zweeten Album "El Mal Querer" vun 2018 markéiert den Iwwergang zu méi zäitgenësseschen Téin. De Konzeptalbum, deen der Sängerin hir Bachelor-Aarbecht war, bréngt hir den internationalen Duerchbroch.

Déi extensiv Ausernanersetzung mat der spuenescher Traditioun an déi déif Verankerung am Flamenco sinn och haut nach a ville Lidder erauszehéieren. D'Evolutioun, déi d'Rosalia an deene leschte fënnef Joer gemaach huet, ass trotzdeem extrem a gouf an der Produktioun gepusht duerch d'Zesummenaarbecht mat sou illustere Leit wéi der venezuelanescher Artistin a Produzentin Arca, dem El Guincho oder och nach dem James Blake.

Eng extreem stilistesch Bandbreet

Esou geet et am éischten Track vum Album "SAOKO" dann och ëm Transformatioun a Verännerung. Och stilistesch preparéiert den Titel op déi extreem Bandbreet vum Album. Lass geet et mat Reggaeton, enger Weiderentwécklung vum jamaikanesche Reggae mat karibeschen an hispaneschen Aflëss, mee et héiert een och Grime an Hyperpop eraus. Zimmlech onvirstellbar an op déi sellwescht Manéier iwwerraschend gëtt et souguer eng kleng Jazz-Bridge. An dat alles a manner wéi zwou an enger hallwer Minutt.

Zougänglech an awer perséinlech

Den zweeten Track "Candy" triggert sécher deen een oder dat anert mat sengem Burial-Sample, mee dovun ofgesi setzt d'Rosalia hei treffsécher op Power-Ballad. Hir Stëmm steet ganz wäit vir am Mix, doduerch entsteet eng Intimitéit, déi vun der dezenter an doucer Produktioun nach weider ervirgehuewe gëtt.

Den Titel "La Fama" ass en Duett mam kanadesche Pop-Superstar The Weeknd, deen zwar op Spuenesch séngt mee direkt u senger Stëmmfaarf ze identifizéieren ass. Den Track bestécht duerch seng extreem Agängegkeet. Dës Zesummenaarbecht kann ee lo e bëssen zynesch als ganz clevere Marketing-Zoch qualifiéieren, mee d'Resultat ass trotzdeem een exzellente Song.

Sou glat geet et awer net weider. "Bulerias" iwwerrascht op en Neits an ass eng imposant Demonstratioun vun der Rosalia hirem Gesangstalent. Begleet gëtt d'Rosalia just vun engem traditionellen, mee moduléierte Beat a vun engem Chouer, d'Lidd wierkt doduerch immens lieweg an direkt a verschaaft dësem Album eng Déift, déi ee vläicht net erwaart hätt.

Net nëmme Kanounefudder fir d'Charts

En änlechen Effekt entsteet duerch dee flotte Bossa-Nova-Titel "Delirio de Grandeza", dee sou kléngt, wéi wann en direkt aus engem Grammophon aus den 20er Jore kéim. Déi drëtt Album-Single "Chicken Teriyaki" ass agängech a kuerzweileg, Kanounefudder fir d'Charts, mee si fält am Verglach mam Rescht vum Album däitlech of.

Mat MOTOMAMI fëllt d'Rosalía eng Lück, déi an der Pop-Landschaft nom Jennifer Lopez a nom Shakira fräi bliwwen ass. Mat hirer Musek geet si allerdéngs e Stéck méi wäit, nämlech andeems si sech Hëllef vu branchéierten a spannende Kënschtler:innen hëlt a gläichzäiteg hir Wuerzelen am Flamenco clever ënnerbréngt. MOTOMAMI vun der Rosalía ass eng Beräicherung fir de kommerzielle Pop.