Radioen

On air

Notturno  |  Can - Moonshake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Raumschëff aus der Vergaangenheet

Nei EP vun Airship81

D'Raumschëff aus der Vergaangenheet

De Paul Bradshaw huet fréier a Rockbands gespillt - leschtens bei LaFa Connected a Mount Stealth - an ass och nach ëmmer Gittarist. Bei sengem Soloprojet Airship 81 geet et awer ëm elektronesch Téin, ëm 80er Nostalgie, Exploratioun an och d'Verbindung vu Musek a visuellen Elementer. Iwwer seng zweet EP, déi de 4. Juni wäert erauskommen, huet hie mam Marc Clement geschwat.

auto_stories

1 min

"Inertia Pt.2" ass kloer d'Weiderféierung vun der Debut-EP, mee huet ee méi waarme Klang. Ëm deen huet sech de Museker selwer gekëmmert: "Selwer ze mixe war ee Challenge. Et huet een seng eege Stécker um Enn esou oft héieren, fir u klengen Detailer ze dokteren, datt een d'Connectioun zu hinne verléiert."

D'Zesummenaarbecht mam Grafikdesigner Jeff Poitiers, an déi visuell Dimensioun, déi mam Video zum neie Stéck "16th Vessel" dobäikoum, hunn dat awer erëm an d'Rei bruecht. "Inertia Pt.2" geet iwwer d'Grenze vun hirem Stil, dem Synthwave eraus a léisst méi komplex Melodien, wéi och Polyrhythmen duerchschéngen.

Lauschtert d'Gespréich hei.