Radioen

On air

De Moien  |  Dusty Springfield - Spooky

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrice Rushen - Remind Me

Sample vun der Woch

Patrice Rushen - Remind Me

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

1982 huet d'Patrice Rushen dëst Lidd hei erausbruecht: "Remind Me" war op hirem siwenten Album "Straight From The Heart" ze fannen, deen op Elektra Records erauskoum. D'Patrice Rushen ass eng talentéiert Multi-Instrumentalistin, Komponistin a Songwriterin. Si hat ursprénglech eng Jazz-Pianist-Formatioun an huet scho fir Leit wéi Donald Bird oder Jean-Luc Ponty gespillt.

Ufank vun den 80. Joren probéiert si sech modernem Pop an R'n'B opzemaachen a gëtt doduerch séier en internationale Star. "Remind Me" ass en effikasse Post-Disco-Hit. Et war leider keng Single Auskopplung vun hirem Album, mee e gouf dofir awer ganz dacks gesampelt. Spéider huet d'Patrice Rushen d'musikalesch Direktioun fir Albume vun der Janet Jackson geholl oder si war an der Jury fir d'Grammy Awards.

1997 huet de Common dëst Lidd gesampelt fir säi "Reminding Me (Of Sef)". Et war present op sengem drëtten Album "One Day It'll All Make Sense". Den MC aus Chicago rappt zanter méi wéi 20 Joer. Niewent sengen üblechen deepen an emotionalen Tracks bréngt hien hei e feierlecht Uptempo-Lidd eraus. Dat Ganzt ass produzéiert vum Y-Not.

Fir och mol e bëssen eppes aus Frankräich ze erzielen: den Hasheem, deen éischten New Jack Swing Sänger aus Frankräich, huet der Rushen hiert Lidd och gesampelt fir säin Track "Sans Repères" doraus ze maachen. D'Lidd war zesumme mam Fabe & Koma entstanen a war um Album 1998 "Il a fallu". D'Lidd ass dacks op Cutkiller Mixtapes ze héieren, zum Beispill "Hip-Hop Soul Party Vol.3".

En anert Beispill vun engem gesampelte Lidd ass 5 ela (Remix) vun der Grupp Slum Village. Et ass natierlech vum J Dilla produzéiert, de bekanntste Beatmaker aus Detroit. Et war 1997 op hirer éischter Demo "Fan-Tas-Tic (Vol. 1)" ze fannen an ass méi eng funky Approche zum Sample.

Als leschte Kandidat weisen ech nach der Patra hiert d'Lidd "Worker Man (Salaam Remix)". Et ass vu hirer "Worker Man EP" vun 1993. Dat war der Patra hire gréissten Hit. Si huet dacks mat Dancehall Stars wéi Shabba Ranks geschafft. Hiren Numm ass eng Ofkierzung vu Cleopatra, a si nennt sech och Queen of the Dancehall.