Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Open-Air Concert mat 1.500 Leit zu Munneref

Zeréck an d'Normalitéit

Open-Air Concert mat 1.500 Leit zu Munneref

E Concert mat 1.500 Leit - dat war bis viru kuerzem nach net virstellbar. Dëse Summer gëtt dat awer zu Munneref Realitéit. Déi belsch Sängerin Selah Sue wäert de 24. Juli am Park optrieden. Op de Site kënnt ee just mat CovidCheck, dofir ginn et dann awer keng Restriktioune méi.

auto_stories

2 min

Sou vill Mënschen op engem Concert - dat ass eng Première zënter dem Ufank vun der Pandemie. An den Event selwer wäert sech no méintelaanger sozialer Distanzéierung sécher besonnesch uspieren. De Site wier mesurë-fräi, seet de Michel Welter vum Atelier.

"Dat heescht do ass keng Mask méi, keng Distanz, do kann een iessen, drénken, wat scho bal ganz ongewinnt ass. 1.500 Leit stoend. Wéi Dir gesitt, et ass immens vill Plaz. Et geet elo net drëms d'Saach z'iwwerstierzen. Et ass vill ze vill Plaz fir 1.500 Leit, mee mir wëllen déi éischt Schrëtter sérieux an uerdentlech maachen."

D'Gesetz gesäit esou Ausname mat bis zu 2.000 Leit vir. Sou e Projet muss just am Virfeld vun der Santé validéiert ginn.

International Kënschtler

De CovidCheck wier eng gutt Saach, seet de Laurent Loschetter vum Atelier. Awer de Concertsbetrib op der Hollerecher Strooss kéint net vun haut op muer nees weiderlafe wéi virun der sanitärer Kris. Et géif e puer Méint géif daueren, bis déi international Concertstournéen nees um lafe wieren.

Et wier et hinne wichteg gewiescht, fir dësen Event en internationalen Artist ze buchen, sou de Michel Welter. Den Atelier géif dofir stoen, international Kënschtler op Lëtzebuerg ze bréngen. Awer och d'Lëtzebuerger Zeen géif net vergiess ginn - am Virprogramm spillt Herr Bender feat. Edsun. "E super Lëtzebuerger Projet, dräi Käpp, déi zesumme kommen - Jazz, Improvisatioun, Pop."

Wéi geet et virun zu Munneref?

De Site matzen am Park vum Domaine Thermal bitt sech u fir esou Manifestatiounen. Mat enger liichter Pente ass et bësse wéi en natierlechen Amphitheater.

Mir schwätze schonn iwwer Joren, datt mir sollen hei am Park eppes maachen, wat all Joers zeréck kënnt. Eppes wat eng Empreigne fir Mondrof géif kréien. Mir hate ganz vill Evenementer an den 60er, 70er, 80er Joren hei am Park. Dat ass iergendwéi ëmmer sou verlaf an et schwätzt och kee méi dovunner.

De munnerëffer DP-Buergermeeschter Steve Reckel huet duerchliichte gelooss, datt eventuell an Zukunft méi dacks op dëser Plaz kéinte Concerten organiséiert ginn. A wéi et ausgesäit, gär och mam selwechte Partner.