Duerch d'Corona-Pandemie krut de Jean Muller eng ganz Partie Concerten ofgesot. De Pianist huet sech doduerch allerdéngs net demotivéiere gelooss an huet d'Zäit genotzt fir en eegene Projet op d'Been ze stellen: Am Kader vum Beethoven-Joer 2020, an deem dem Komponist säin 250. Gebuertsdag gefeiert gëtt, interpretéiert de Jean Muller all Woch eng vun den 32 Sonate bei sech an der Stuff a setzt de Video online.
Nei Serie um radio 100,7
Wärend der Preparatioun vun esou enger Integrale sammelt een e grousst Wëssen iwwer déi eenzel Sonaten un. Dëst Wësse kann ee wärend engem Concert nëmme schwéier vermëttelen. Dofir proposéiert de Jean Muller mat der neier Serie #beethoven20 en déiwen Abléck an dem Komponist säi Kosmos. D'Episode lafen ëmmer freides um Véierel op Zwou um radio 100,7 an de passende Video gëtt sonndes online gesat.
Episod 1: Eng Introduktioun an d'Welt vun der Sonat
Ganz am Sënn vum Social distancing
De Jean Muller huet well méi laang mam Gedanke gespillt, all dem Beethoven seng Sonaten op Video opzehuelen. Déi aktuell Coronakris hätt de Stee schlussendlech un d'Rulle bruecht, steet de Pianist. A ganz am Sënn vum Social distancing produzéiert hie sämtlech Videoen eleng bei sech doheem.
"Dat huet relativ vill Preparatioun an Zäit kascht, an ech muss awer soen, datt dat vill Spaass mécht."
Méi progressiv, wéi an anere Genren
Fir de Jean Muller ginn et dräi grouss Gruppen am Beethoven sengem Wierk: D'Pianossonaten, d'Sträichquartetter an d'Sinfonien. Souwuel vun der Unzuel, wéi och an hirer gesamter Längt wieren d'Pianossonaten dee gréisste Block.
"Dat kann ee guer net iwwerschätzen, wéi wichteg dat am Beethoven sengem Schaffen ass. Wann een d'Kompositiounen e bësse méi genee kuckt, mierkt een, datt hien dacks um Piano scho vill méi progressiv komponéiert, wéi an anere Genren. D. h. hien huet sech do particulièrement vill ausprobéiert an huet Techniken entwéckelt, déi hien da spéider zum Beispill an de Sinfonien iwwerholl huet."
Déi éischt Sonaten
Déi éischt dräi Sonaten huet de Ludwig van Beethoven fir den eegene Gebrauch geschriwwen. Domat wollt hie sech zu Wien souwuel als Pianist, wéi och als Komponist beweisen. Vum techneschen Usproch hier géif ee mierken, datt hien en immens gudde Pianist gewiescht misst sinn, seet de Jean Muller. Grad säin originellen Ëmgang mam Instrument wier eng Erausfuerderung fir d'Interpreten.
"Wann hien eng musikalesch Iddi huet, dann ass him keng Technik ze schwéier fir se ëmzesetzen. An esou gesinn sinn déi Wierker hautdesdaags [...] trotzdeem ëmmer nach extrem schwiereg an usprochsvoll."
D'Sonat Nr. 1