Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek mat Geméis?

Skuriles

Musek mat Geméis?

Eigentlech war et just als eng eemoleg Aktioun vun e puer Frënn geduecht: Musek mat Geméis. Séier huet sech awer erausgestallt, datt an där absurder Iddi vill Potential stécht. 19 Joer méi spéit trëtt de Geméisorchester an der Philharmonie op.

auto_stories

3 min

Bei hire Concerte stoussen d'Museker vum Geméisorchester ëmmer nees op Problemer, déi en "normale" Museker net kennt. Verschidde Geméiszorte géifen et a verschiddene Länner einfach net ginn, seet d'Susanna Gartmeyer vum Geméisorchester. An deem Fall misst een iwwerleeën, wéi een aner Instrumenter mat deem Material baue kéint, dat et do gëtt. Genee sou problematesch kéint d'Joreszäit sinn. Am Summer wier et extrem komplizéiert u Kürbissen ze kommen. Da misst een zum Beispill op Waassermelounen ëmklammen.

Mat all Geméis ka Musek gemaach ginn

Grondsätzlech kéint een all Geméis benotze fir Musek ze maachen. Souguer eng Zalot. Domadder kéint een zwar keng Melodie spillen, dofir awer interessant Geräischer produzéieren. E bësse méi komplex sinn déi melodesch Instrumenter, fir déi ee mat Buermaschinnen a spezielle Messere schaffe muss.

Virum Concert setzen d'Museker sech zesummen a bauen all hir eegen Instrumenter. Dat wier wichteg, well all Museker genee wéisst, wéi hie säin Instrument spille misst, an et deementspriechend och u sech ugepasst baue kéint, seet Susannna Gartmayer. Well all Museker vum Geméisorchester bei engem Concert op 20 bis 30 verschiddenen Instrumenter spillt, kascht d'Preparatiounsaarbecht relativ vill Zäit. Alles an Allem ongeféier 3 Stonnen.

Well Muerten oder Zaloten elo net aus esou engem stabille Material bestinn, wéi zum Beispill e Piano oder eng Gei, géing et ëmmer nees virkommen, datt Instrumenter während de Concerte futti fueren. Dofir missten Instrumenter, déi eng wichteg Melodie ze spillen hunn e puer mol gebaut ginn. Ëmgedréint wier et awer méiglech eenzel Instrumenter e puer mol ze benotzen. Verschiddener kéinten eng Nuecht iwwerdauere, wann ee se an e fiicht Duch awéckelt, an aner Instrumenter géinge souguer besser kléngen, wa se gelagert ginn an doduercher e bëssen ausdréchnen.

Eng Akafslëscht fir d'Philharmonie

Well déi ganz Preparatiounen esou laang daueren, hunn d’Museker keng Zäit fir hiert Geméis selwer ze kafen. Fir hir Concerten zu Lëtzebuerg hu si der Philharmonie dofir eng ganz Lëscht geschéckt. Do steet genee drop wéi ee Geméis si brauchen a wéi grouss et muss sinn. Wa si dat richtegt Geméis hunn, bauen d'Museker dräi verschidden Zorte vun Instrumenter: Ganz komplexer, déi sech aus e puer Geméiszorten zesumme setzen, einfach Instrumenter fir déi een zum Beispill einfach just e Lach buere muss, a Geméis, dat een esou wéi et ass als Instrument benotze kann.

Wat d'Musek ugeet, géing een awer u gewëss Grenze stoussen. Et wier relativ schwéier Instrumenter ze bauen déi absolut gestëmmt sinn. Zwar kéint een tonal spillen, awer et kéint een d'Instrumenter just ënnerteneen ofstëmmen.

Konventionell kéngt besser wéi Bio

Well et sou vill verschidde Méiglechkeete gi Museksinstrumenter aus Geméis hierzestellen, kéint jiddereen et och bei sech doheem probéieren. Eng detailléiert Beschreiwung wéi een esou Instrumenter hierstelle kéint, gëtt et allerdéngs net. Jiddereen, deen en Instrument baue wëllt, sollt sou vill wéi méiglech selwer ausprobéieren, a senger Fantasie fräie Laf loossen, fannen d'Museker.

An der Philharmonie stinn - ofgesi vun engem Arrangement - lauter eege Kompositiounen um Programm. An nom Concert kann een, wann ee Chance huet, déi eng oder aner Muert mat heem huelen. Dat Geméis dat iwwereg bleift, dat also net zu engem Instrument verschafft gouf, gëtt nämlech am Publikum verdeelt. Allerdéngs muss ee wëssen, datt een net onbedéngt Bio-Geméis mat Heem kritt. Zwar géing dat besser schmaachen, mä well et dacks net esou grouss wier wéi dat anert, géing et net esou gutt kléngen.