Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minnie Riperton - Lovin' You

Sample vun der Woch

Minnie Riperton - Lovin' You

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Déi magesch Stëmm ass déi vun der Minnie Riperton an hirem Lidd "Lovin' You". Et koum 1975 eraus a war op hirem Album "Perfect Angel".

D'Riperton ass 1947 zu Chicago gebuer. Si krut eng klassesch musikalesch Ausbildung, mee huet sech perséinlech méi fir Funk a Rock interesséiert. Hir éischt Girl-Grupp war The Gems, zesumme mat zwou Frëndinnen. Si hate just mëttelméissege Succès, wat dozou geféiert huet, datt si wärend de 60er vill Backing Vocals fir bekannt Artisten opgeholl hunn, wéi zum Beispill Chuck Berry, Muddy Waters oder Syl Johnson. Hir zweet gréisser Grupp war Rotary Connection, déi definitiv méi rockege Sound gespillt huet.

Ee vun de Membere vun der Grupp gëtt der Riperton hire Mann, deen dann och hiren éischte Soloalbum produzéiert: "Lovin You". Dat war op hirem zweeten Album an dee gréissten Hit vun hirem Liewen. Si ass bekannt dofir, ouni Problem iwwer véier Oktaven erop an erof ze sangen a meeschtens mat Blummen an den Hoer opzetrieden. Mariah Carey seet, datt d'Riperton e groussen Afloss op si gehat hätt. Si huet no dësem Album nach dräi anerer opgeholl, ass da leider mat 31 Joer fréizäiteg u Kriibs gestuerwen.

An der franséischer Hip-Hop-Landschaft heescht ee vun de ganz grousse Fabe. Dat war en MC vu Paräis, Barbés, a Member vun der Scred Connection. Säi Lidd "Des durs, des boss... des dombis" gouf produzéiert vun DJ Stofkry a koum 1997 um Album "Le fond et la forme" eraus. Mat enger falscher Bescheidenheet a ganz vill Humor an Intelligenz, kritiséiert hien de ganze Bling Bling vun der deemoleger Rap-Zeen. Der Riperton hire Sample ass an dësem Fall e perfekt Géigegewiicht zu der aggressiver an akkurater Wuertwiel vum Fabe.

E Lidd, dat de Fabe warscheinlech kritiséiert hätt, ass de "Lil Yachty Feat. Gucci Mane". De Producer BYOU$ loopt hei zwou Sekonne der Riperton hir hell Stëmm, hannerleet dat Ganzt mat enger fetter Perkussioun a mixt et mam Lil Yachty sengem Flow. Dobäi erauskoum hire "Bentley Coupe".

Ee vun de Pionéier vum Dubstep Mouvement heescht Coki. Hien ass eng Hallschent vun der Grupp Digital Mystikz an huet Ufank den 2000er eng gutt zwou Dose Maxien erausbruecht, déi de Sound vun Dubstep definéiert hunn. Eng dovunner ass "Ruff Lovin'" vum Joer 2011. Si koum um Coki sengem eegene Label AWD eraus an d'Plack kascht haut wäit iwwer 100 Euro.