Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Eng Opfuederung zur Vereenegung

Maze - Before I Let Go

Sample vun der Woch: Eng Opfuederung zur Vereenegung

Maze ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf. Hire Song "Before I go" gouf ënner anerem vum Keith Murray gesampelt a vum Beyoncé gecovert.

auto_stories

3 min

Ënner hirem ursprénglechen Numm "Raw Soul" ass d'Band 1971 op San Francisco geplënnert, sou gouf och de Marvin Gaye op si opmierksam. Hien huet si als Support op seng USA Tour matgeholl an huet hinnen 1976 proposéiert datt si hiren Numm "Raw Soul" änneren.

"Maze" huet 1977 hiren Debutalbum, "Maze featuring Frankie Beverly", erausbruecht. Si haten och Erfolleg mat den Alben "Golden Time of Day" (1978), "Inspiration" (1979) a "Joy and Pain" (1980).

Deemools war d'Band immens erfollegräich an Amerika an a Groussbritannien vum britteschen DJ Robbie Vincent ënnerstëtzt.

Hir nächst Opnam war "Live in New Orleans", vun deenen dräi Véierel am "Saenger Theatre" de 14-15 November 1980 opgeholl goufen. Dräi vun dëse Lidder koumen an d'R&B Charts, dorënner "Running Away", "We Need Love to Live" an dat Lidd, iwwert dat mir haut schwätzen "Before I Let Go".

Bis 1993 huet "Maze" néng Gold Alben erausbruecht. "Maze" huet eng grouss an aktiv Fanbase behalen an tourt bis haut weider an den USA an an Europa. Als Hommage deet de Publikum deen op "Maze"-Concerten geet och ëmmer, genau sou wéi d'Band, ganz wäiss un! "Before I Let Go" ass eng optimistesch Hymne a fir vill Leit eng Opfuederung zur Vereenegung.

Et ass ëmmer en Hit an allen DJ-Sets an dat hunn och etlech Hip Hop Produzente gemierkt, wou se de Song gesampelt hunn.

Keith Murray filtréiert just déi catchy Basslinn eraus fir säin "The Rhyme" doraus ze maachen. D'Lidd ass produzéiert vun engem vun den beschte Beatmaker vun der Eastcoast, den Eric Sermon vun der Grupp EPMD. Dat Lidd war op sengem zweeten Album "Enigma" deen 1996 erauskomm ass.

Dat wat méi erstaunlech schéngt ass dem Beyoncé seng Hommage un "Maze" wärend sengem Homecoming Konzert. Effektiv ass hatt 2018 gebucht gi fir Headliner zu Coachella ze sinn, a covered "Before I Let Go" a senger Integralitéit.

Hatt frëscht d'Lidd vun 1980 mat e puer New Orleans Bounce Elementer op an dat ganzt gouf aktualiséiert vun der Megastar vum amerikanesch Rap, dem Tay Keith.

Hien ass bekannt fir seng Kollaboratioune mat Drake oder Travis Scott. De Concert vum Beyonce ass jo och bekannterweis a senger verfilmter Versioun op Netflix en grousse 60 Milliounen Dollar Succès ginn.