Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat de Gedanken an engem déiwe Beat

Nei Single: SpudBencer - Thoughts (feat. Rome in Reverse)

Mat de Gedanken an engem déiwe Beat

Wann de Fred Baus opleet, kennt een hien als SpudBencer. Scho laang ass hien och als elektronesche Musek aktiv, an huet a ville konnexen Aktivitéiten am Museksberäich - e.a. Label, Programmateur am d:qliq - d'Zeen zu Lëtzebuerg beräichert. Bei engem ganz neie Label, Telavivi Records, a mat enger neier musikalescher Collaboratrice huet de fréieren "In Circles" säin DJ Numm ravivéiert an eng nei Single als Spud Bencer erausbruecht - mat engem EP am Schlepptau.

auto_stories

1 min

Dat Ganzt ass aus engem Challenge entstanen, deen de Producer sech d'lescht Joer wärend dem Confinement gesat hat: all Woch ee Song maachen an op de sozialen Netzwierker posten. Eelef Stécker sinn dobäi erauskomm, an eng nei musikalesch Facette huet sech entwéckelt.

D'Songs sollen danzbar sinn a minimal bleiwen, mee den Nolauschterer och mat op eng Rees huelen, wat mat hirem déiwen, hypnotesche Vibe absolut garantéiert ass. Och d'Antonella vu Rome in Reverse - eng Musekerin, déi zu Kopenhage wunnt - huet mat enger stëmmlecher Kooperatioun a mat hirem Label Telavivi Records eng Dimensioun zum neie Projet bäiginn.

Den 9. Juli kënnt ënner dem Titel "Minimaal" een EP mat sechs Tracks eraus, an am Juli ass ee Live-Concert am Kader vun de Congés Annulés an de Rotonde geplangt.

Lauschtert den Interview mam SpudBencer hei.play_arrow