Den Arvo Pärt am aktuelle Kontext vum Krich an der Ukrain mat esou engem Uerden an Estland ze éieren, wier e Symbol fir d'Zesummebréngen an eiser Zeit, seet de Lëtzebuergeschen Ambassadeur fir d'Tschechesch Republik, d'Ukrain an Estland Ronald Dofing. Hie war am Arvo-Pärt-Zentrum zu Laulasmaa, fir den Ordre de la Couronne de chêne z'iwwerreechen. Mat dëser Éierung, géif een ënnersträichen, wéi wichteg d'Kultur am europäesche Kontext wier, an datt "[..] mir ëmmer hoffen, datt déi humanistesch Grondlag vun eiser Zivilisatioun zum Schluss d'Iwwerhand behält", esou de Ronald Dofing.
"Estland huet eng ganz grouss russophon Minoritéit an ass op deem Punkt dofir och extrem sensibel, fir de Kontakt iwwer d'Kultur oprecht z'erhalen."
Dem Arvo Pärt seng Biographie géif och dorop hiweisen. Als Komponist, deen an der fréierer Sowjetrepublik grouss ginn ass a spéider zu West-Berlin gelieft huet, hätt hien ëmmer probéiert d'Bréckefunktioun vun der Kultur tëschent Ost a West, tëschent Westeuropa a Russland, oprecht z'erhalen. De Message vum Arvo Pärt géif iwwer seng Musek eraus goen an hie wier e Vertrieder "[...] vun deem humanisteschen Europa, dat mir alleguerte verdeedegen, besonnesch an dëser Zäit", seet de Ronald Dofing.