Am Mäerz 2020 hätt hie fir d'lescht mat senger Band op enger Bühn gestanen, seet de Jérôme Reuter virun der Aircheck Session. "Dat war de leschte Weekend virum Confinement."
2020 huet de Sänger net just en neien Album erausbruech, mee hien huet direkt nach e weideren Opus opgeholl. "Parlez-Vous Hate?" koum den 29. Januar eraus. Ass et e Confinementsalbum? "Jo, en ass e bësse méi rosen", laacht de Jérôme Reuter.
Dem Sänger seng Inspiratioun kënnt dacks aus der Geschicht an aus der Literatur. Fir "Parlez-Vous Hate?" hätt hien awer keng Bicher gelies. "Ech mengen dat ass éischter en Internet-Album, wéi e Literatur-Album."
Bei der Aircheck Session goufen och Stécker vum neien Album interpretéiert. De Rescht wier e Potpurri aus de leschte 15 Joer.