Radioen

On air

De Moien  |  EU-Naturschutz-Gesetz nach ëmmer net sprochräif

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laura Marling exploréiert Weiblechkeet op neiem Album

Semper Femina

Laura Marling exploréiert Weiblechkeet op neiem Album

Dat neit Wierk vun der Laura Marling ass eng gelongen an enigmatesch Produktioun. "Semper Femina" ass en Neo-Folk Konzeptalbum, dee sech un Zeilen aus dem Virgile senger Énéide inspiréiert.

auto_stories

3 min

Laura Marling

Deen éischten Titel vu "Semper Femina" leet mat ambienter Perkussioun an zwee Kontrapunkt-Bäss an ee geheimnisvollen Album an, dee vun der Laura Marling hiren intimen Texter an hirer reng a fléissender Stëmm gedroe gëtt.

Mat 18 Joer hat d'Musekerin aus dem adelege Berkshire 2008 hiren éischten Album mam Titel "Alas, I Cannot Swim", verëffentlecht. Fënnef Placke weider si mer 2017 bei "Semper Femina" ukomm. Op lëtzebuergesch bedeit dat "Fir ëmmer Fra". Eng Zeil aus dem laténgesche Poet Virgile senger Énéide, an där d'Fra als launesch a wandelbaart Wiesen duergestallt gëtt.

Eng Analys vun der Weiblechkeet

D'Laura Marling huet sech um Album mat enger Analys vun der Weiblechkeet a weibleche Bezéiunge befaasst. Vulnerabel a staark, kreativ Fraen, an alles wat dertëscht läit.

Um Stéck "Wild Once" geet et ëm d’Bild vun der wëller a physescher Fra. "The Valley" handelt vun enger Persoun mat gëllenen Hoer, déi hiert Leed iwwert déi duuss englesch Landschaft séngt. Et geet och ëm d'Schéinheet, a wéi dës eisen zerbriechleche Bléck brauch fir z'existéieren. D'Lidd "Nouel" handelt vun der Laura Marling hirer Muse. D'Stéck probéiert déi traditionell Roll vun der Muse vun der Weiblechkeet ze trennen a festzeleeën, wéi d'Fra béid Kënschtler a Muse gläichzäiteg ka sinn. "Fickle and changeable are you, and long may that continue."

"Semper Femina" dréit Referenzen zu der Psychoanalystin Lou Andreas-Salome oder och dem Moler Gustave Courbet a sengem Wierk "L'origine du monde". Et soll ee sech awer net vun dësem akademeschen Usproch ofschrecke loossen. "Semper Femina" ass musikalesch gesinn eng wonnerschéin, poetesch Produktioun, op där d'Iwwerleeungen op eng enigmatesch an deels mythesch Manéier kommunizéiert ginn.

Akustesch Gittaren a Sträicher

Englesch an amerikanesch Texturen harmoniséieren op dëser Plack. Mat Momenter entféiert d'Sängerin an de Laurel Canyon vun de 70er Joren. Oder och an d'60er zu London während dem British Folk Revival. Opgeholl gouf den Album zu Los Angeles.

Op dësem Wierk iwwerzeegt nees eng Kéier de Blake Mills als Produzent. Ënnert anerem stécht hien och hannert der Jesca Hoop hirer leschter Plack. De Malibu-Museker huet seng perséinlech Trupp op "Semper Femina" matbruecht. De Greg Koller um Mix an de Knäppercher, an de fantastesche Rob Moose, deen hannert de Sträicher-Arrangementer stécht. Déi sinn um Album omnipresent an erweideren d'Stécker, déi gréisstendeels vun den akustesche Gittare geleet ginn, déi vum Laura Marling a Blake Mills gezupft ginn. Donieft tauche wonnerbar vintage Gittare-Kläng, al Tape-Delays, voll Bass Trommelen a knackeg Snaren op.

"Semper Femina" ass ee Wierk vun enger selbstbewosster Kënschtlerin, déi hir Lyrik beherrscht a se weess musikalesch präzis ëmzesetzen. Um Titel "Nothing not nearly" kontrastéiert der Laura Marling hir dréchen akustesch Gittar mam Blake Mills senge verzerrten Akzenter. Hei héiert een och ee wonnerbar zréckgehalenen dräi-Noute-Solo, dee wéi dem Antônio Carlos Jobim seng "One Note Samba" alles aus enger eenzeler Nout zitt, wat méiglech ass.