Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hannah Jadagu - Warning Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krzysztof Komeda - Rosemary's Baby

De Sample vun dr Woch

Krzysztof Komeda - Rosemary's Baby

"Rosemary's Baby" ass en amerikaneschen Horrorfilm vun 1968 mat der Mia Farrow an der Haaptroll. D'Musek vum Jazz Pianist a Soundtrack Komponist ass e richtegen Ouerwuerm.

auto_stories

2 min

"Rosemary's Baby" ass en amerikaneschen Horrorfilm vun 1968 mat der Mia Farrow an der Haaptroll. Am Film geet et ëm Schwangerschaft a Satanismus. De Film gëtt allgemeng als ee vun den wichtegsten Horrorfilmer ugesinn.

D'Musek vum Film ass e richtegen Ouerwuerm a gouf geschriwwe vum Pol Krzysztof Komeda, en europäeschen Jazz Pianist a Soundtrack Komponist. De Filmdirekter Roman Polanski war e seriöe Fan vum Komeda, dee schonn d'Soundtracke vum Polanski sengen éischte méi klenge Filmer geschriwwen hat.

De Komeda huet déi Opträg all gären ugeholl, a wéi et zum Polanski sengem éischte groussen Hollywood-Film koum, war et ganz natierlech, datt hien nees de Komeda gefrot huet. De Komeda war eigentlech Dokter, mee huet a sengem kuerze Liewe bal 70 Soundtracke geschriwwen. Hien ass leider mat 37 Joer gestuerwen a "Rosemary's Baby" war säi leschte Soundtrack.

D'Leitmotiv vum Soundtrack ass e Schloflidd, dat extra fir de Film geschriwwen gouf an heescht entweder "Rosemary's Lullaby", oder och heiansdo "Sleep Safe and Warm". D'Stëmm, déi een héiert, ass vun der Mia Farrow selwer.

Verschidde Leit hunn dem Komeda säi Leitmotiv gesampelt, mee et konnt ni eppes Lëschteges doraus gemaach ginn. Mäi Liiblings-Beispill ass den Necro aus dem Joer 2012.

D'Lidd fänkt u mat enger Citatioun vum Charles Manson an erzielt déi richteg Geschicht vun der Sharon Tate, enger amerikanescher Schauspillerin, déi vun der Charles Manson Sekt am Joer 1969 ermort gouf. D'Sharon Tate war schwanger an dem Polanski seng Fra, wat dat Ganzt nach méi düster a verstéierend mécht.

Et gëtt och e relativ onbekanntent Lidd vu Suicide Boys, dat "Royal" heescht an dee selwechte Sample benotzt. Déi zwee selbstänneg Artisten aus New Orleans hunn dëst Lidd 2015 op hirem Soundcloud erausbruecht.

Eng aner interessant Re-Interpretatioun ass déi vun der avant-garde Metal-Grupp Fantomas. Si spillen hei eng fräi Adaptatioun vum Komeda sengem Lidd a gräife souwuel op Metal, wéi och op Free-Jazz Formen zeréck fir dësem Track en neien Touch ze ginn. Dat war op hirer 2001 Kompilatioun "The Director's Cut".