Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Louis Cole - Dead Inside Shuffle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kraftwerk - Trans Europe Express

Sample vun der Woch

Kraftwerk - Trans Europe Express

Ee Meeschterwierk vun der Grupp vun Düsseldorf, um sechsten Album, 1977 bei Kling Klang Records erauskomm, geschriwwe vum Ralf Hütter als Hommage un deen neien Zuch.

auto_stories

3 min

"Trans Europe Express" ass e Meeschterwierk vun der Grupp Kraftwerk vun Düsseldorf. Dat war um sechsten Album, deen 1977 bei Kling Klang Records erauskoum. Et war hir éischt Maxi, d'extended Version vun dësem Lidd ass esouguer 13 Minutten laang.

Et gouf geschriwwe vum Ralf Hütter als Hommage un deen neien Zuch, deen zanter Kuerzem ganz Europa verbonnen huet. Et ass e bëssen dat selwecht Konzept, wéi bei hirem fréieren Hit "Autobahn" - et geet dorëms eng musikalesch Interpretatioun fir de Sound vun engem Trip am Zuch ze imitéieren.

De ganzen Album ass dohier e bësse wéi eng Rees: et gi laang, repetitiv a kal Melodien, op monoton a Computer-generéierte Beats. Den Album ass minimalistesch a mechanesch, esouguer onmënschlech heiansdo, mee am Gudden. Et war jiddwerfalls revolutionär fir d'Epoch.

Den Track huet eng onwarscheinlech Ierfschaft hannerlooss. E gouf natierlech am Hip-Hop gesampelt, mee och Leit aus dem Punk oder Rock huet en enorm beaflosst. Joy Division oder Radiohead gehéieren zu de gréisste Fans zum Beispill!

Déi bekanntst Utilisatioun vum Sample ass natierlech vun Africa Bambataa & The Soulsonic Force op hirem Lidd "Planet Rock", dat 1982 bei Tommy Boy erauskoum. De Bambataa war scho virdrun ee bekannten Hip-Hop-DJ an huet zesumme mat senger Zulu Nation Block Parties an der Bronx organiséiert.

"Planet Rock" gouf e Welthit a war quasi zäitgläich mat "Sugarhill Gang" a "Grandmaster Flash" an den Charts. Et stoung eng gutt Zäit fir Innovatioun am Hip-Hop! De Bambataa ass zanter Kuerzen aus der Zulu Nation ausgetrueden.

1999 huet den 113 Clan Kraftwerk fir hiert Lidd "Ouais Gros" gesampelt. Dat war um Album "Les Princes De La Ville". D'Produktioun ass vum DJ Mehdi. Hie war e Visionär, well fir hie gouf et keng Grenzen tëschent Elektro an Hip-Hop. Nach viru Kanye West oder aner Elektro-Hip-Hop-Experimentatioune mécht hien hei en direkten Hommage u Kraftwerk.

De Madlib huet sech och dru probéiert, an zwar mat engem Lidd vu senger Serie "The Beat Konducta". D'Lidd heescht "Open (Space)". Seng Beats klenge wéi gewéinlech skizzenhaft an abstrakt, mee sinn dofir net manner magesch. Si kéinten en Deel vun engem Soundtrack vun engem imaginäre Film sinn.

E lescht erstaunlecht Beispill ass vum däitsche Museksproduzent Uwe Schmidt. Nodeems hie vun europäescher elektronescher Musek gelangweilt war, ass hien a Chile geplënnert fir Latin Musek ze exploréieren. Hien nennt sech zanter Kuerzem Senor Coconut an huet e Cumbia Remix vun "Trans Europe Express" gemaach. Hie spillt aus Witz och nach aner Saache vun Daft Punk oder Elektro Gruppen no. Et klengt esou authentesch, et kann een him bal net béis sinn!