"Ookii Gekkou" heescht "grousse Mound" op japanesch. An deen neie "Vanishing Twin" Album straalt déi enigmatesch Kraaft vun dësem Objet am Stärenhimmel och aus. E Pandemie-Album, deen déi friem, einsam a Sci-Fi Ambiance vun der Kris erëmspigelt. Eng Kollektioun vu Biller a Gefiller, déi een an de Gaart an der Nuecht versetzt. Do huet dann och Band wärend dem Lockdown zu London vill Zäit verbruecht.
"Et ass en zimmlech mageschen, verzauberten Uert. Mat exotesche Beem mat renge Stämm an Äscht a ville grénge Planzen. Dat war Deel vun der Inspiratioun fir dësen Album. Wann ech un e grousse Mound denken, dann denken ech un dee Gaart an der Nuecht."
Vum Quintett zum Quartett
Zanter 2015 flitt "Vanishing Twin" musikalesch duerch de Kosmos. Hire psychedelesche Sound gräift vill obskuer Sourcen op. Ob et déi atonal Kompositioune vum Sun Ra sinn oder d'Film-Musek vum Piero Umiliani, bleiwen d'60er a 70er eng Haaptreferenz. Mat "Ookii Gekkou" ass "Vanishing Twin" och elo kee Quintett méi, mee e Quartett. De Flüttist a Perkussionist Elliott Arndt ass net méi dobäi, wat awer net nëmmen e Verloscht war.
"Net laang nodeems hien d'Band verlooss huet si mer op Tour gaangen an hunn decidéiert hien net ze ersetzen, mee als Quartett weiderzefueren. Déi Ännerung ass wierklech interessant gewiescht. Jiddereen ass méi exposéiert, et kann ee sech néierens verstoppen. Mir tendéieren elo och manner ze jammen, spille méi präzis a fokusséiert."
D'Batterie Spillerin Valentina Magaletti huet emol hir Bandmemberen als dysfunktional Genien beschriwwen. Si selwer ameséiert sech mat fräi an Jazz-gedriwwe Grooves. De Phil M.F.U. huet eng Passioun fir obskuer Samples a verspillte Kläng an de Bassist "Susumu Mukai" interesséiert sech fir méi ongewéinlech Harmonien. Eng Oppenheet punkto Musek an experimentéieren, déi e Sonndeg op der Bün an de Rotonden nawell spannend kéint ginn.
"Jidderee vun eis ass gläichzäiteg e Generalist a Spezialist op interessant Manéieren. Mir sinn all obsedéiert mat Musek a lauschteren e breede Spektrum u Saachen. Dat bënnt eis wierklech zesummen. Och wa mer eis net iwwer alles eens sinn, gëtt et e Kär Grupp Aflëss déi eis wichteg sinn. Dat ass wat "Vanishing Twin" un d'Rulle bréngt."