"Den Edsun gouf esou zum Gesiicht vun eisen éischte Songs a Concerten", seet de Jeff Herr. Den drëtte vun dëse Concerten ass e Samschden, 24, Juli zu Munneref, am Virprogramm vum Selah Sue, ass - Featuring Edun, natierlech.
Op der neier Single "In My Mind" séngt allerdéngs dës Kéier de Sacha Hanlet, alias "Them Lights" - ee Collaborateur vun der éischter Stonn, dee bis elo schonns d'Produktioun vun den Herr Bender-Tracks, wéi och d'Luuchteshow bei de Concerte bäigesteiert hat. Um neien Track sinn all bedeelegter Co-Auteuren, och den Edsun, deen net um Track séngt.
Lauschtert de ganzen Interview mam Jeff Herr: