Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Koll an Aktioun 2022: Éischt Nimm

Musiksfestival

Koll an Aktioun 2022: Éischt Nimm

No zwee Joer forcéierter Pandemie-Paus gëtt et 2022 erëm e Koll an Aktioun Festival. Rendezvous ass dëst Joer um Päischtweekend, de 4. a 5. Juni um Site vum Schiefermusée zu Martel.

auto_stories

2 min

Foto: Koll An Aktioun

2020 haten d'Organisateuren op en Online-Festival ëmdisponéiert, deen integral op der Antenn vum Radio 100,7 diffuséiert gouf.

2022 dann iwwerhëlt dee Programm, deen eigentlech fir 2021 geplangt war, sou gutt et goung. De Laurent Sturm aus dem Organisatiounsteam seet, datt vill Bands méi wéi frou waren iwwer hir Invitatioun fir dëst Joer.

Headliner dëst Joer ass d'Lëtzebuerger Band Mutiny On The Bounty, déi neit Material wäerte presentéieren. Weider Gruppen aus dem Inland sinn d'Brassband Hunneg-Strëpp, Rap vum Nicool a Songwriting vum Hannah Ida. Aus der Schwäiz kënnt den Electropop-Duo Ikan Hyu, d'Indie-Rocker Papst komme vu Berlin - a vu Léck The Brums, déi sech am elektronesche Jazz ronderëmdreiwen.

Insgesamt sollen eng 20 Concerte stattfannen, nieft engem grousse Begleedprogramm, dee sech besonnesch u Famille mat Kanner riicht. Sou gëtt et zum Beispill e Karussell, dat nëmmen dréit wann d'Elteren eng mechanesch Kou sträiche genee wéi Workshops, Zauber- an Zirkusperformancen.

De Koll An Aktioun, bei deem d'Nohaltegkeet scho méi laang grouss geschriwwe gëtt, wëll dëst Joer och zum Green Event ginn: all Einweggeschier ass domat vum Festivalsite verbannt.