LaClaireau Kloert Waasser plätschert net
LaClaireau ass eng Formatioun vu Gent, an d'Liewe geruff vun der Gabriela Arnon. D'Wierk "Fate Of The Poet" ass eng spannend Mëschung nom Motto "Musique de Chambre meets Singer/Songwriting".
Den opklappbare Cover vum Album "Fate Of The Poet" ass an douce Pastellfaarwe gehal. Dat gëtt déi musikalesch Grondstëmmung vun der Formatioun LaClaireau gutt erëm. Zousätzlech sollt ee sech eng Sekonn fir de Bandnumm huelen: La Claire Eau, dat rouegt a kloert Waasser. An da weess een, op wat ee sech bei der Equipe ronderëm d'Gabriela Arnon aléisst: op eng roueg musikalesch Rees.
Wou Folk a Pop anenee fléissen a wou den Jazz a klassesch Kompositiounen hir Spueren hannerlooss hunn. Mat akusteschen Instrumenter, wéi Gei, Gittar a Mandolinn, Piano a Bouzouki, Bassklarinett a Dobro. Eng Zort Rees zréck a vergaangen Zäiten, wou alles nach méi ent-schleunegt ofgelaf ass. Wou een net ëmmer huet missen erreechbar sinn. Wou d'Momenter fir Saache gemittlech vu bausse wierken ze loossen nach méi heefeg waren.
Kee rouege Floss
Den Album plätschert awer net wéi e laange rouege Floss viru sech hin. Dacks iwwerraschen d'Museker, briechen de Rhythmus op ongewinnte Plazen, fléie vum Mëttellalterschlass an d'Neizäit. Fir dann erëm Rou, Harmonie a symphonesch Poesie erëmzefannen. LaClaireau ass, wéi wann Dir Iech Barden an Troubadouren heem invitéiert hätt. Där vun elo, Singer-Songwriter vun der haiteger Generatioun, déi hir Geschichten erziele kommen an dobäi Traditionelles mat méi modernen Akzenter an iwwerluechtenen Arrangementer verbannen.
D’Gabriela Arnon selwer kënnt vun New York. si fillt sech awer als Parisienne de coeur. Hir Matmuseker sinn am flämeschen Deel vun der Belsch zu Gent doheem. Si faszinéieren net nëmme mat der Manéier wéi si hir Geschichten an Nouten ëmsetzen, mee och duerch hir Stëmmen . Ob Solo oder am Chouer, d'Stëmmen si wéi gemaach fir d'Kompositiounen an deene si agesat ginn. Onopdrénglech an awer omnipresent, waarm a ronn.
Dat verhëlleft "Fate Of The Poet" zu enger eenzegaarteger, entspaanter Ambiance. Ee Ganzt, wou et trotz aller Harmonie zu jiddwer Moment eppes z’entdecke gëtt. De verzauberte Noutebësch deen ee betrëtt ass mystesch, relax an nawell spannend. Dat ass net evident ëmzesetzen. Awer LaClaireau schafft dësen Defi. Wie sech mat hirem Sound ufrënne kann, deem sief och de Solo-Album vum Gabriela Arnon nogeluecht. "Pyramid Lake", dee parallel zum Bandwierk erauskomm ass ähnlech opgereegt a faszinéierend. Inner World Music nennt si hire Stil, dee live mat Projektiounen, Theater an Danz kombinéiert gëtt. Och do kënnt et op d'Balance un tëscht deene verschiddenen Ingredienten, déi an de Schmëlzdiggel geheit ginn. Och do stëmmen se.