Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kaffisdësch-Jazz mat vill Fantasie

Interview

Kaffisdësch-Jazz mat vill Fantasie

Viru ronn 50 Joer, nom Doud vu senger Fra, huet de pensionéierten Zänndokter Edward Blankman op sengem Wurlitzer elegant Jazz Musek komponéiert a vun enger flénker Band ophuele gelooss. Zanter Ufangs September sinn dës obskuer Opnamen endlech um Album "Cape Cod Cottage" ze héieren. Déi Geschicht wëll eis op alle Fall den amerikanesche Museker Brendan Eder ze gleewe ginn. Den Jamie Reinert huet nogefrot.

auto_stories

3 min

Virop bemierkt: Den Zänndokter / Jazz-Komponist Edward Blankman gouf et ni. Mee de Brendan Eder huet sech vill Méi gi fir eis seng Fiktioun als Realitéit ze verkafen.

En ale Mann mat engem grandiose Baart gouf gefrot fir op Fotoen als Edward Blankman ze poséieren, eng ganz detailléiert Biografie gouf konzipéiert, e Mini-Documentaire gedréint an den Design vum Album erënnert un déi legendär Placke vu Blue Note Records.

Den Edward Blankman ass näischt aneres wéi en Alter-Ego, eng konzeptuell Fantasie aus dem Kapp vun engem komeschen Artist.

"Ech si wierklech keen ultra talentéierten Jazz-Museker, mee spillen esou vill ech ka mat ultra talentéierten Jazz-Museker. Den Edward Blankman ass ganz änlech. Seng Pianostechnik ass ganz spartanesch an en huet flénk Jazz-Museker engagéiert fir säi klengen Dram-Album opzehuelen. Ech hunn dës Geschicht erfonnt, well ech deen Ament eng schwéier Zäit duerchgemaach hunn. Et war eng karthagesch Manéier fir Trauer a vill weider Emotiounen ze exploréieren."

Kuerz a knackeg - dat ass dem Brendan Eder seng Devis, där hien op "Cape Cod Cottage" gefollegt ass. 21 Kompositiounen wou all Nout, all Schlag mat vill Intentioun op Pabeier notéiert goufen.

"Ech hu Jore gebraucht fir d'Partiture prett ze kréien. Och wann et ganz simpel Musek ass, brauch ech éiweg fir dat Ganzt ze poléieren. Et war immens, wou mer bis am Studio ware fir alles opzehuelen. Bis op de Wurlitzer. Deen hat ech am Viraus opgeholl."

Fir déi ganz watteg Wurlitzer Kläng ze encadréieren huet de Brendan Eder d'Flüttistin Sarah Robinson an e besonneschen Trio engagéiert. De Batteur Christian Euman, Bassist Alex Boneham a Saxophonist Josh Johnson, déi sech um Hancock Institute op der University of California kennegeléiert hunn.

"Ech wollt Leit hunn, déi scho laang zesumme musizéieren, an dës dräi Museker hu wärend zwee Joer op der Uni all Dag zesumme gespillt. Si haten also immens vill Geschicht a Chimie um Lafen. Meng Iddie war dës Leit kal an de Studio ze kréien, hinnen d'Partituren fir d'éischte Kéier dohinzeleeën, an der Magie nozelauschteren. A genee esou ass et och hiergaangen."

De Brendan Eder huet sech iwwer d'Joren zemools mat senger Mëschung vu Kammer Musek an Hip-Hop en Numm gemaach. Mee "Cape Cod Cottage" ass manner Chamber-Hop, méi Kaffisdësch Jazz (wann een dat esou soe kann), wou den Erik Satie op Vince Guaraldi an Henry Mancini trëfft.

Accessibel an dach komplex. Iergendwou tëscht Easy-listening a Konscht. De Kalifornier huet hei en zimmlech gelungene Dramalbum geschaaft, deen net nëmmen de Salon miwweléiert, mee och zerebral begeeschterte kann.