Radioen

On air

Notturno  |  Chilly Gonzales - Knight Moves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Atomes crochus

Joan As Police Woman – The Solution Is Restless

Atomes crochus

D'Joan Wasser huet e beandrockende CV als kollaborativ Musekerin. Hir éischt Band "The Dambuilders", wou si Gei gespillt huet, hat mat "Shrine" am Joer 1994 en MTV-Hit, deen d'romantesch Renconter vun enger Koppel mat verschiddene Kulturen a Sproochen erzielt huet. Kuerz duerno ass si mat kengem Aneren wéi dem Jeff Buckley zesummekomm.

auto_stories

4 min

Si war déi Fra, déi dräi Joer drop op dengem Fréijoersowend d'Noriicht vum trageschen Erdrénke vum Sänger a Songwriter matgedeelt krut. Si huet decidéiert, dem Buckley seng Band, déi stracks an enger Opnam stouch, opzefänken a mat hinnen de Projet "Black Beetle" ze grënnen. Hei goung hir Stëmm op, mat där si no esou laange Joren op der Gei nach e bësse schei war.

Bei de Queer-Indie-Band "Anthony an the Johnsons" huet si Refuge fonnt an hiert Instrument weider gespillt, och um Mercury-Prize-Album "I Am A Bird Now". Hir Stëmm wollt si solo entwéckelen, an dëst mécht si mat hirem Projet "Joan As Policewoman".

Eng Renconter mam Tony Allen

Sechs Solo-Placken an ee "Best Of" méi spéit, erënnert ee sech villäicht un een Unplugged-Duett mat Placebo, e Lead Vocal op engem Gorillaz-Song, Geiepassagen op engem Sparklehorse-Album. Och hir nei Plack koum duerch eng Renconter zustanen.

Hiren enke Frënd Damon Albarn, fréiere Blur-Sänger a Kapp vu Gorillaz, hat am Kader vu senger "Africa Express"-Aktioun, déi afrikanesch an westlech Museker zesummebréngt, eng Performance programméiert, bei där d'Joan mam Fela Kuti sengem Drummer, dem Afro-Beat Pionéier Tony Allen, sollt e Stéck vun der Nina Simone coveren.

Déi zwee hu sech gutt verstanen a si kuerz duerno mat der Wasser hirem laangjärege Collaborateur Dave Okumu an de Studio gaangen, fir ze jammen an opzehuelen. Dat war 2019. Tony Allen Fans wëssen, de genialen Batteur ass d'lescht Joer am Abrëll am Alter vun 79 Joer un engem Infarkt gestuerwen ass. Erschloe vun der Nouvelle, a mat der Responsabilitéit, aus der Session eppes ze maachen, huet d'Joan Wasser d'Opname mat an de Lockdown geholl, an dorausser "The Solution Is Restless" geschneidert.

Mat sengen triphoppegen, jazzege Beats, der Wasser hire flëssegen Hooks op der Stëmm an dem Okumu senger diskreter, mee perfekt placéierter Bass ass den Album en dräifachen Hurra op d'Raschtlosegkeet. Déi, déi den Tony Allen zu ëmmer neie Batteriefiguren inspiréiert huet, déi déi d'Wasser op "Take Me To Your Leader" no méi weiblecher Féierung an der Politik ruffen deet, an déi, déi d'Welt an hire fundamentaalste, quantephysesche Virgäng bestëmmt a lieweg mécht.

Potenz a Potential

Dem Allen seng Batterie gouf net zu Sample Material degradéiert, an d'Plack behält déi flësseg, evolutiv Natur vun enger Collaboratioun, déi wuel alle Bedeelegten ënner d'Haut gaangen ass, an eng reell Magie degagéiert. Der Wasser hire Songwriting, e bësse saierzeg an extrem elegant, passt perfekt op déi oppen a variéiert Rhythmen, wärend d'Texter zu enger fantastescher Od un d'Liewe mat all schénge Widregkeete mutéiert. A schlechten Zäiten ass d'Iddi, datt alles mam Fale vun engem Frank ka ganz anescht goen, eng déi Hoffnung mécht. D'Joan Wasser bréngt all hir Talenter op de Plang, an och d'Gei héiere mir hei an do, wéi hei op Dinner Date.

Den einfachen Hook, dat Memorabelt, mee Platt, brauch een op dëser Plack net ze sichen. Am Platz wuerme sech laanggezunne Verstréckungen tëscht Rhythmus a Melodie éischter wéi Stëmmungen a d'Ouer, wou si quasi an d'Blutt iwwerginn, wann ee sech op de Groove aléisst. Esouguer als Clubmusek géif dat heite funktionéieren, esou erstaunlech liicht ginn d'Rhythme vun der Hand, esou bäileefeg erschéngen d'Vocals.

Mee och als Jazz-Fan kann een dëser poetescher Interpretatioun vum Heisenbergschen Onsécherheetsprinzip eppes ofgewannen. D'Musek wierkt am Ufank glat an elegant, bis ee mierkt dass een ouni Angscht kann andauchen, fir hir Déiften ouni vill Komplikatiounen ze erschléissen.

"The Solution is Restless" ass um Enn eng relativ diskret Plack, déi net nëmmen dem grousse Batteur Tony Allen, mee och der Joan Wasser all Éier mécht mat hiren déiwen, räichen, a bedeitungsvolle Grooves, an deene Liewen an Dout sech am Danz vun den Elementer präisginn, am Platz an deenen um Enn dach banalen Ausdréck vun nëmme-mënschlecher Trauer. Subtil, intelligent a sensibel - ee Must fir Liibhaber vu Soul-Musek.