Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Last Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Jacques Perrey - E.V.A.

Sample vun der Woch

Jean-Jacques Perrey - E.V.A.

D'Lidd E.V.A. gouf vum Jean-Jacques Perrey komponéiert. Am Laf vun der Zäit gouf d'Lidd dacks gesampelt, ënner anerem vu Gang Starr, House of Pain, Pusha T, a war och um Soundtrack zu Ocean's 8 ze héieren.

auto_stories

3 min

Dëst Lidd heescht E.V.A. a gouf vum Jean-Jacques Perrey komponéiert. Et koum 1970 um Album "Mood Indigo" op Vanguard Records eraus. De Fransous Perrey war e Pionéier an elektronescher Musek.

Säi Genre kann een als Easy Listening oder Space Age Pop bezeechnen. Säi perséinlecht Zil war et elektronesch Musek ze populariséieren. Ouni musikalesch Formatioun huet hie sech einfach fir d'Virleefer vum Synthesizer passionéiert. Dorops hi gouf hien an Amerika ageluede fir de Synthesizer Ondioline virzestellen. Hien ass carrement do wunne bliwwen a gouf wärend de 60er Joren zimmlech bekannt.

Wärend dëser Zäit huet hie vill mam Moog ronderëm experimentéiert. Hien huet eng ganz Serie vu populären a witzege Placken opgeholl, zum Beispill fir Reklammen, Cartoons an esouguer fir Disney. An de 70er Jore kënnt hien zeréck a Frankräich a beschäftegt sech virun allem mat therapeutescher Musek. Hie bleift weiderhin ëmmer aktiv, wärend den 90er hëlt hien esouguer eng Kollaboratioun mat der Grupp Air op. Hien ass ganz wichteg, well hien d'Grenzen tëschent der Musique Concrete an der Pop gesprengt huet.

1990 explodéiere Gang Starr mat deem heiten Titel "Just To Get A Rep". Et ass déi éischt Maxi vun hirem zweeten Album "Step In The Arena". No hirem Debut "No More Mr. Nice Guy" fanne si mat dësem Album richteg hir Spuer.

Hei sinn och déi éischt Produktioune vun DJ Premier ze héieren, déi hie ganz eleng gemaach huet. Wärenddeem setzt de Guru hei d'Fondatioune fir den New School East Coast Hip-Hop. Et ass einfach déi perfekt Mëschung aus Hardcore Rap a räifen Observatiounen aus de Stroosse vun New-York. Dësen Album huet si op jiddefall zu Stare vum Underground propulséiert.

Elo si mer bei House Of Pain ukomm an hirem Remix vum Lidd "Fed Up" featuring Guru. Dat war op hirem drëtten Album, deen 1996 op Tommy Boy erauskoum. D'Produktioun ass vun DJ Lethal an de Rap natierlech vun Everlast an Danny Boy. Hiren Hit "Jump Around" ass scho laang hanner hinnen (1992) a fir dësen drëtten a leschten Album kréie si leider net dee gewënschte Succès.

Dat doten ass de Pusha T mat "Lunch Money". Et ass eng Maxi vun 2014. Et koum um G.O.O.D Label eraus. De Pusha poséiert hei op en trippéierten an atmosphäresche Beat vu Kanye West. Den Ex-Mc vun The Clipse ass technesch perfekt op sengem Diss-Track. Et ass einfach nëmmen e Bommen-Titel tëschent sengen zwee Albumen.

Et gi warscheinlech nach ganz vill aner Versioune vun dësem Sample, mee elo kënnt, menger Meenung no, eng vun deenen erstaunlechsten no. An zwar um Soundtrack vum Film "Ocean 8" spillt de brittesche Komponist Daniel Pemberton eng Reinterpretatioun vum Jean-Jacques Perrey sengem "E.V.A.", an dat op sengem Lidd "Moog Necklace".