Radioen

On air

Notturno  |  Yoshika Colwell - It's Getting Late

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Claude Vannier - Les gardes volent au secours du roi

Sample vun der Woch

Jean Claude Vannier - Les gardes volent au secours du roi

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

Dem Jean Claude Vannier säin Afloss als Komponist, Arrangeur, Dirigent oder Produzent ass bei der franséischer Chanson a Filmmusek quasi net ewechzedenken. De Vannier ass 1943 bei Paräis gebuer.

Hien huet sech de Piano mat 18 selwer bäibruecht, huet dorops hin eng Aarbecht an engem Studio fonnt an huet do seng selwer geléiert Musekstheorie ëmgesat. Vun do aus huet hie sech bis zu engem vun de beschte Studio-Arrangeuren eropgeschafft, virun allem an der franséischer Pop-Musek vun den Ufank 70er.

Seng Aarbecht fir aner Artisten ass quasi méi bekannt wéi seng eegen. Hien huet mat Leit wéi Gainsbourg, Michel Legrand, Jane Birkin, Brigitte Fontaine, Françoise Hardy, Michel Polnareff an Dosenden anere geschafft. Hien hat och eng erfollegräich Karriär als Filmmusek-Komponist. 1971 arrangéiert hie fir de Serge Gainsbourg de Chouer a Sträichinstrumenter op sengem Meeschterwierk "Histoire de Melody Nelson". Hir Kollaboratioun wäert e puer Albume laang daueren, notamment op de Soundtracks vu "Cannabis", "La Horse" a "Slogan".

Kuerz drop, an zwar 1972, schreift hie säin éischten eegene Konzept-Album "L'enfant assassin des mouches", dee mëttlerweil Kultstatus bei de Plackesammler erreecht huet. Dem Gainsbourg säin Afloss ass dorop däitlech ze héieren. Ursprénglech war den Album just 100 Mol fir Promotioun gepresst ginn, mee wéinst der grousser Nofro gouf e schlussendlech 2003 reeditéiert. Et ass eng experimentell Mëschung vu Library- a Filmmusek, gemixt mat progressivem a psychedeleschem Rock, Funk, Musique concrète, Field recordings a klassescher Musek.

De Vannier spillt selwer Piano, Flütt oder dirigéiert säin Orchester heiansdo. Hie léisst hei elektresch Gittar, Bass, Drums, Perkussioun, Bléiser, en Akkordeon an e Chouer zesummespille fir seng Avant-Garde-Kompositiounen ze interpretéieren. Dat Ganzt klengt heiansdo herrlech, heiansdo richteg ustrengend, mee ëmmer extreem innovativ. De Vannier bréngt et hei fäerdeg, datt dat Ganzt vill méi grouss ass wéi d'Zomm vun den eenzelen Deeler. De Jean Claude Vannier gëtt och de franséischen David Axelrod genannt. Den Album gouf begleet vun enger klenger Geschicht, déi vum Gainsbourg geschriwwen ass.

De Bobby Bieles war nach méi erstaunt, wéi hien héieren huet, wien den Track gesampelt huet, an zwar dee kontroversen däitsche Rapper Haftbefehl op sengem Track "1999 Pt. 1". Hie benotzt de Chouer vum Ufank vum Lidd "Les gardes volent au secours du roi" an hannerleet dat Ganzt mat enger fetter Perkussioun. Dat war déi éischt Maxi vu sengem Album "Russisch Roulette" vun 2014.