Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Japanesch Nonchalance a märchenhaft Erzielungen

Shintaro Sakamoto - Like A Fable

Album vun der Woch: Japanesch Nonchalance a märchenhaft Erzielungen

"Like A Fable" heescht dem Shintaro Sakamoto säi mëttlerweil véierte Soloalbum, op deem de japanesche Kënschtler op Hoffnung amplaz Weltschmäerz setzt. Dat Ganzt a senger gewinnt ënnerkillter Manéier.

auto_stories

2 min

De Shintaro Sakamoto - net ze verwiessele mam legendäre Komponist Ryuchi Sakamoto - genéisst a senger Heemescht Japan absolutte Kultstatus.

Hie war Member vun der Psychrock Band Yura Yura Teikoku, déi am Joer 1989 gegrënnt gouf a bis 2010 de japaneschen Underground dominéiert huet. Relativ séier no der Bandtrennung huet de Shintaro Sakamoto seng Solokarriär gestart an 2012 säin Debutalbum "How to Live with a Phantom" erausbruecht.

Geuerdente Chaos

Op senge Soloplacke geet et ëmmer nach psychedelesch zou, mee de Rocklabel huet hien hanner sech gelooss. Och op dem neien Album "Like a Fable" vermëschen sech nees allerhand Museksrichtunge wéi Jazz, Funk, Soul, Tropicalia, Dub, an Disco.

Amplaz musikaleschem Kuddelmuddel ass et éischter e geuerdent Chaos, well et sinn zwar immens vill Stiler a Stëmmunge vertrueden an awer gëtt et e roude Fuedem, deen sech duerch den Album zitt: eng ganz bestëmmten Zort vun Nonchalance.

An dem Sakamoto senge Stécker schwéngt d'Coolness ëmmer sou mat, ouni datt se sech awer an de Virdergrond spillt. Dat héiert een zum Beispill an de Surf-Gittaren oder dem 80s-Saxophon, déi dësen Album dominéieren.

Sënnlech an awer ni iwwer Zëmmertemperatur, sou kléngen déi meescht vun de Stécker um Album. Verschiddener wéi zum Beispill den Titeltrack si mol méi grooveg, anerer wéi den Opener "That was illegal" bëssi méi melancholesch. Et ass duerchaus een Album fir laang Summerowenter.

D'Fabel als Geschicht

D'Fabel am Albumtitel ass net onbedéngt als Märche geduecht, mee éischter als Geschicht. Wärend der Pandemie huet de Shintaro Sakamoto gewëss Parallellen tëschent dem Alldag an der Quarantän an dem japanesche Kamishibai entdeckt, eng Zort Stroossentheater a senger Heemescht, déi an den 30er a 40er Joren opkoum.

Trotzdeem ass "Like a Fable" kee strikte Pandemiealbum. Dës figuréiert zwar prominent an den Texter, an awer wollt hien den Album net domadder iwwerlueden. De Sakamoto ass bekannt fir seng éischter düster a pessimistesch Texter, seng Musek gëtt och mol als post-apocalyptic exotica bezeechent.

Mee wéi hien kierzlech an engem Interview sot, wier et him dës Kéier guer net dorëms gaangen besonnesch gesellschaftskritesch ze sinn, mee éischter e bëssi Hoffnung ze ginn an ze weisen, datt een trotz all dem Misär op der Welt ëmmer nach Freed verspiere kann an dierf.