Radioen

On air

Notturno  |  Kolb - Jean-Luc

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerraschungsbesuch vun der Joni Mitchell

Newport Folk Festival

Iwwerraschungsbesuch vun der Joni Mitchell

Legende ginn eréischt opgeschriwwen, wa si dacks genuch gehéiert goufen - dëst trëft sécher op déi kanadesch Musekerin Joni Mitchell zou. Iwwerraschend Neiegkeete goufen et dëse Weekend, wou déi aflossräich Songwriterin op engem Festival gesinn, a gehéiert gouf.

auto_stories

2 min

D'Joni Mitchell um "The Wall" Concert zu Berlin, 1990. Foto: picture alliance / Avalon/Retna | Michael Putland

1968 ass d'Joni Mitchell aus dem kanadesche Saskatchewan a Kalifornien geplënnert, an de Rescht ass Geschicht.

D'Stëmm vun enger Generatioun

Mat Lidder ewéi "Big Yellow Taxi" a "Woodstock" huet d'Joni Mitchell gehollef, eng Ära an eng Generatioun ze definéieren. Hiren 1971er Album "Blue" gëtt dacks als ee vun de beschte jeemools zitéiert.

No engem Labelwiessel huet d'Mitchell Mëtt der 70er den Jazz entdeckt an e mat üppege Poptexture verbonnen, wéi op "Court and Spark", hirem meeschtverkaaften Album. An dëser Zäit huet d'Zigarett hire Mezzo-Sopran an e breet gefächerte Kontralto verwandelt, an hir markant Piano- an oppe gestëmmte Gittar-Linne si méi komplex ginn, genee wéi d'Rhythmen.

An de spéide 70er huet si mat bekannten Jazzmuseker, dorënner dem Jaco Pastorius, dem Wayne Shorter, dem Wayne Shorter, dem Pat Metheny an dem Charles Mingus geschafft. Virun 20 Joer krut si ee Grammy fir hiert Liewenswierk iwwerreecht.

Iwwerraschungs-Optrëtt no leschter Tournée 2007

D'Joni Mitchell war zanter 2007 net méi op Tournée, an ass zanter 2015 a Rehabilitatioun vun engem Aneurisma am Gehier.

Frënn vun der Musekerin weltwäit haten d'Méiglechkeet, datt si jeemools erëm géif spillen, schonn opginn, hat si dach d'Schwätzen, d'Goen an d'Gittarspille verléiert.

Dowéinst war d'Iwwerraschung ëmsou méi grouss, wéi d'Joni Mitchell ee Set zum Beschte ginn huet um Newport Folk Festival de leschte Sonndeg. Hir Klassiker "Big Yellow Taxi" a "Both Sides Now" waren Deel vum Programm, genee wéi den Jazz-Standard "Summertime".

Gitarspille nees selwer nei geléiert

"Et ass e bësse wéi e Retour an d'Kandheet" hat déi elo 78 Joer al Mitchell bemierkt. D'Gittarspillen huet si sech an deene leschte Jore mat hiren eegene Youtube-Videoen erëm nei bäibruecht, andeem si ofgekuckt huet, wéi si fréier hir Fangere gesat huet.

De Gittarssolo op enger Versioun vun "Just Like This Train" souz dann och.

Datt hir Stëmm net méi déi selwecht ass, och net ewéi zu Enn vun hirer Karriär, erschéngt kloer. Mee déi kënschtleresch Séil schéngt duerch op dësen Interpretatiounen, esou d'Kommentatore vum Optrëtt, vun deem och e puer Opnamen op enger grousser Videoplattform gelant sinn.

Der Joni hiren Optrëtt um Newport Festival huet op jiddwer Fall d'Show geklaut, a wie weess, villäicht stécht an hir nach méi Musek dran.