Radioen

On air

De Weekend  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Isaac Hayes - A Few More Kisses To Go

Sample vun der Woch

Isaac Hayes - A Few More Kisses To Go

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

1979 ass dëst Lidd hei erauskomm: "A Few More Kisses To Go" vum Isaac Hayes. D'Lidd ass vun him selwer produzéiert. Et ass déi beschte Ballad vu sengem 14. Album "Don't Let Go". Den Issac Hayes ass en Multi-Instrumentalist an Autodidakt. Säin Markenzeechen ass natierlech eng Glatz, Goldketten a Sonnebrëller. Hien ass bekannt fir seng laang Lidder a lues Grooven.

Seng bekanntst Albe sinn "Hot Buttered Soul", "Black Moses" an de Soundtrack fir de Film "Shaft". Seng Monologen op verschidde Lidder hunn de Rap vun Hautdesdaags staark beaflosst. Seng éischt Saache sinn um bekannte Stax Label erauskomm, mee no engem Sträit mat hinnen huet hien säin eegene Label gegrënnt "Hot Buttered Soul", op deem dann och deen heiten Album erauskomm ass "Don't Let Go'". Säin typesche Memphis-Sound ass an dëser Period scho laang hanner him, Enn 70er hat hien e bëssen en kreative Leerlauf - dat hënnert d'Tatsaach awer net, datt hien en grousse Succès an der Hip-Hop Communautéit hat.

Den Eric Sermon huet dëst Lidd gesampelt fir dem Redman säin "Tonights Da Night" doraus ze maachen. Dat war op sengem éischten Album "Whut? The Album" deen 1992 erauskomm ass. Et war souguer déi drëtt Maxi-Auskopplung dovunner. Hien ass eng Referenz am Hip-Hop, deelweis natierlech wéinst der perfekter Produktioun vum Eric Sermon.

Shabba Ranks huet dat Lidd och gesampelt fir säin "Rough Live" doraus ze maachen. Dat war op sengem Album "A Mi Shabba" vun 1995. D'Produktioun ass vum Puff Daddy. De Shabba Ranks ass en bekannten Dancehall Star, e bëssen sou wei de Buju Banton, Beenie Man oder Sizzla.

En lescht Beispill fir d'Benotzung vun dësem Lidd ass de Master P mat "Is There A Heaven For A Gangsta?", deen 1997 erauskomm ass. Et kann een de Master P bal net haassen, hien huet sou vill divers Saachen op sengem "No Limit" Label erausbruecht, ënner anerem och dat heite Lidd, wat et op de Soundtrack vum Film "Rhyme & Reason" geschafft huet.