Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Humoristesch Alldagserzielungen a filmräif Bandromantik

Album vun der Woch

Humoristesch Alldagserzielungen a filmräif Bandromantik

Op "I'm Not Sorry, I Was Just Being Me" presentéiere "King Hannah" en Tour duerch d'Rockgeschicht a bleiwe sech awer selwer trei. Et ass en Album, deen duerch fuzzy Gittaren an humoristesch Alldagserzielungen iwwerzeegt.

auto_stories

4 min

D'Grënnungsgeschicht vum Liverpooler Duo "King Hannah" kléngt no filmräifer Bandromantik: laang éier déi de Craig Whittle seng spéider Matmusekerin Hannah Merrick kennegeléiert huet, stoung fir hie scho fest, datt si seng kreativ Partnerin sollt ginn. Bei engem Open-Mic-Owend an hirer Heemechtsstad hat hie si sangen héieren a wollt am léifsten direkt eng Band forméieren.

Et huet awer nach zwee Joer gebraucht, éier hir Weeër sech nees an engem Pub gekräizt hunn, wou déi zwee zoufälleg geschafft hunn. Dës Kéier wollt de Craig Whittle seng Chance ergräifen an sou hu sech déi zwee all Kéiers virun hire Schichte getraff, fir Songiddien auszetauschen.

Ufanks, seet d'Frontfra Hannah Merrick, wier si awer nach ze schei gewiescht hir Musek oder Lyrics ze presentéieren, an esou huet et nach eemol ee Joer gedauert, éier déi éischt Songs vu "King Hannah" Gestalt ugeholl hunn.

Vun do u gouf awer keng Zäit méi verplempert, schliisslech haten allebéid zanter Joren d'Ambitioun an enger Band ze spillen. No dem Minialbum "Tell me Your Mind and I'll tell you mine" geet et elo op hirem Debut "I'm Not Sorry, I was just Being Me" esou schounungslos oppen a kompromësslos weider.

Réi an dreckeg Energie

"Et gëtt näischt Pretentiéises un eis", heescht et an engem Bandstatement, "mir wëllen net propper oder poléiert kléngen, mee dynamesch an authentesch", esou "King Hannah". Hir Musek huet effektiv eng réi an dreckeg Energie, d'Gittaren huerelen a léise sech an der Dissonanz vun den Effekter op.

Dësen Drive gëtt allerdéngs ëmmer vun der Merrick hirem Gesang agefaangen, deen héchstens mol op Zëmmertemperatur klëmmt a soss duerch eng blaséiert Nonchalance iwwerzeegt, déi ee vun der fréier PJ Harvey gewinnt ass.

Mee et ass duerchaus net deen eenzege Verglach, dee sech beim Lauschtere vum Album zéie léisst. Musikalesch sinn hei besonnesch d'90er-Joren a Form vu Bands ewéi "Mazzy Star" oder "Portishead" erauszehéieren.

D'Gittare kléngen awer och mol gär nom Neil Young oder Bruce Springsteen, wa se sech lues mat bluesegen Hooks undéiten, éier se dann a verzerrte Riffs a Soli iwwerginn.

Hei vermësche sech Indierock an düstere Slowcore mat zockerséissem Folk an Americana. An obwuel sech "King Hannah" phaseweis am Referenzgestrëpp verléieren, bleiwen si hirer Linn trei. D'Rad erfanne si hei zwar net nei, an awer rullt alles um Album immens smooth.

Eng intim a radikal Éierlechkeet

D'Hannah Merrick seet, hir Texter wiere vum Bill Callahan, der Courtney Barnett an dem Kurt Vile gepräägt, well si et packen eng Balance tëschent Däischtert a Liichtegkeet ze schafen. Och "King Hannah" setzen op humoristesch Alldagserzielunge fir hir düster Melodien opzefänken. Vu Steve-Carrell-Referenzen iwwer autobiographesch Schnëppel wéi der Merrick hir Bettnässerei als Kand, gëtt hei wéineg ausgelooss.

Am Song "The Moods that I get in", duerchbrécht si déi véiert Mauer, adresséiert d'Nolauschterer a stellt kloer, datt een einfach ausschalte soll, wann hir Sujeten engem net gefalen. Et ass Ausdrock vun der intimer a radikaler Éierlechkeet, déi dësen Disk duerchzitt.

Ganz zum Schluss, liwwere "King Hannah" mam Song "It's Me and You, Kid" nach en Hommage un hir eege Bandgeschicht an deem si hoffen, genee dat hei fir ëmmer maachen ze kënnen. An engem chouerhafte Mantra sangen si d'Textzeil "I'm all I'm ever gonna be". Verstellen - dat stellt jo schonn den Albumtitel kloer - ass souwisou keng Optioun fir si. An doriwwer kann een sech als Nolauschterer wierklech just freeën.