"De ganze ländleche Beräich un der Grenz zu Lëtzebuerg an zu der Lorraine am Saarland, huet keen Theater, kee Kino, kee Concertssall. Mir fueren entweder op Saarbrécken, Köln oder Lëtzebuerg fir op Concerten ze goen."
Duerch seng Aarbecht bei enger Concertsagentur géif hie vill schéi kleng Festivalle kennen, seet de Chris Burr - an dat géif och um Land funktionéieren. D'Leit vun Hemmersdorf, déi dës Zort Musek net kannt hätten, wiere vun Ufank u begeeschtert gewiescht.
Direkt bei der éischter Editioun hätt een de Männerchouer aus dem Duerf mat agebonnen. "Dat war dat éischt Joer souzesoen den Opening Act vum Festival."
Och dëst Joer ass de Chouer nees dobäi, den Ouverturesconcert ass awer zu Guerstling, op der Franséischer Säit. Mat op der Affiche ass e Chouer Barytenbas vu Bouzonville, an d'Pop-Formatioun Echo Beatty vun Antwerpen.
D'Kommunkatioun ronderëm den Event wier vun Ufank un op zwou Sprooche gewiescht, seet de Chris Burr. "Mir wëlle virun allem d'Leit an der Groussregioun uschwätzen."
Stilistesch läit d'Programmatioun tëschent Singer-Songwriter, wéi vum ireschen Adrian Crowly, Neo-Klassik, wéi vun der italienescher Geiistin Laura Masotto, a Pop, wéi vu 5K HD aus Éisträich. Déi presentéieren hiren neien Album, deen net méi op Elektronik, mee komplett op akustesch Instrumenter setzt.
Dee Sound géif och gutt passen, seet de Chris Burr, well d'Concerten all zu Hemmersdorf an der Kierch iwwer d'Bün ginn. Verschidde Saache wieren do schwéier ze reproduzéieren, virun allem perkussiv Instrumenter. "Dofir hu mir de Fligel als zentraalt Instrument bei deene meeschte Gruppen, oder dacks sinn och Sträicher dobäi."
Et wier him wichteg, datt d'Programmatioun villsäiteg wier, an datt et eng Dramaturgie am Programm ze spiere wier. "Mir hunn e Schwéierpunkt, dee geet a Richtung modern Klassik, modernen Jazz, jonk Saachen, international Saachen, gekräizt mat Indie an Indie-Pop."
Dee ganze Festival gëtt vun de Kolleege vum SR2 Kulturradio am Video Stream iwwerdroen.