Radioen

On air

De Moien  |  NxWorries - Daydreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hals iwwer Kapp an d'Stréimunge vu Grunge an Emo

Francis of Delirium

Hals iwwer Kapp an d'Stréimunge vu Grunge an Emo

Op der neier Francis of Delirium EP Wading gräift dat 19 Joer alt Jana Bahrich déif a sech eran a kämpft mat Theme wéi Isolatioun, Identitéit an Häerzwéi. De kanadesch-amerikaneschen Duo deen zu Lëtzebuerg baséiert ass iwwerzeegt mat réiem Grunge-Rock Gefill a frontaler Emotionalitéit. E Gespréich.

auto_stories

4 min

Jamie Reinert: Déi véier kuerz Lidder op denger neier EP héiere sech wéi eng onheemlech musikalesch an emotionell Liberatioun un, mee wéi huet sech d'EP-Release an dësen ongënschtegen Zäiten ugespuert?

Jana Bahrich: Enttäuschend géing ech emol soen. Ech hunn einfach Loscht dës Lidder live ze spillen. Et ass richteg schéin ze gesinn, datt d'EP gutt ugeholl gouf, mee et ass fir mech bal onméiglech ze verschaffen, datt Leit meng Lidder lauschteren, wann ech net mat hinne physesch schwätze kann. Et ass also komesch eng Remark op YouTube ze liesen, awer net kënne mat der Persoun direkt ze diskutéieren.

Goufen et op de soziale Reseaue schonn iwwerraschend oder immens perséinlech Bemierkungen déi hänke bliwwe sinn?

Eng Persoun huet iwwer d'Lidd "Let It All Go" geschriwwen, datt et "e Lach duerch säi Kierper schéisst". Ech fannen dat trëfft den Nol op de Kapp. Also ech ka mech domat identifizéiere wann ech d'Lidd selwer spillen.

Wat hues de mat der Wading EP versicht anzefänken, ze dokumentéieren? Gëtt et e roude Fuedem?

Jo, et sollt eng Period vun Isolatioun representéieren, déi ech virun der ganzer Covid-Kris matgemaach hunn. Wat et bedeit de Lycée ze verloossen, seng Identitéit ze fannen, ausserhalb vum strukturéiertem Liewen dat een als jonk Persoun an der Schoul matgemaach huet.

Eng Opnam ass en Dokument vun engem Moment oder enger Successioun vu Momenter, eis Bezéiung zu engem Lidd ännert sech also gären iwwer Zäit. Huet dat scho mat de Lidder op "Wading" ugefaangen?

Absolut. Op d'mannst d'Hallschent vun de Lidder goufen am Summer 2019 geschriwwen. E Lidd wéi "Let It All Go" kann ech op Villes a mengem Liewen applizéieren. Heiansdo muss ech d'Lidd als Erënnerung benotzen, datt Munches net der Wäert ass fir driwwer ze stressen. Ech benotzen elo d'Lidd méi wéi e Mantra, wou ursprénglech et méi ëm eng Bezéiung gaangen ass.

Du kënns ursprénglech vu Vancouver, bass an denger Kandheet vill doruechter mat dengen Eltere geplënnert a bass schlussendlech hei zu Lëtzebuerg gelant. Wéi huet dat deng musikalesch Entwécklung beaflosst?

Ech mengen et huet zu enger Oppenheet gefouert alles kënnen ze probéieren. Ech fille mech net vun enger Iddi ageengt iergendwéi mussen engem bestëmmte Schema ze follegen. Well mer elo zwou Rock-EPen verëffentlecht hunn, heescht dat net, datt mer ëmmer Rock musse spillen. Och einfach de Sënn fir Experimentatioun.

Wat ass dann aktuell op dengem kreativen Horizont?

D'Lidder un deene mer elo schaffe klénge scho méi düster mengen ech. Ech spillen och Cor op de Stécker, sinn also immens begeeschtert.

Jo, de Cor hunn ech op der neier EP e bësse vermësst. Et ass esou e schéint Instrument.

Absolut. Iwweregens si mir och amgaangen eppes mat de Rotonden virzebereeden. Do wäert de Cor och zum Asaz kommen.

Mengs du datt deng Musek eppes Lëtzebuergesches enthält? Oder anescht gesot ass Lëtzebuerg iergendwéi an denger Musek representéiert?

Ech hoffen. Ech menge schonn. Wat ech u Lëtzebuerg immens gären hunn sinn déi vill oppen Espacen déi der hutt, fir eraus ze goen a sech de Kapp fräi ze maachen. Ech krut rezent mäi Fürerschäin a sinn duerch d'ganzt Land gegeeschtert. Och wann op dëser EP méi drop ass wéi op där leschter kléngt "Wading" méi oppen. Ech spieren dës Oppenheet an de Lidder grad wéi zu Lëtzebuerg. Ëmmerhi sinn ech scho 7 Joer hei also muss Lëtzebuerg mech schonn iergendwéi affektéiert hunn.

Du hues nach vill Zäit virun dir, mee hues de schonn eng musikalesch Bucket List? Iergendwellech verréckt Kläng, Iddien déi s de onbedéngt an dengem Liewen entdecke muss?

Ech géif gären e risegen orchestralen Truc maachen, eng Symphonie villäicht, e Musical an dann awer och e méi Pop-gedriwwenen orchestralen Album, vun der Form hir.


E Samschdeg de 24. Abrëll spillt Francis of Delirium eng Aircheck Session an der Kulturfabrik um 17.00 Auer. De Concert gëtt live um Radio 100,7 iwwerdroen.