Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Musek an engem klengen Duerf am Saarland

Hemmerdorf Pop Festival

Grouss Musek an engem klengen Duerf am Saarland

Den Hemmersdorf Pop-Festival gouf d'lescht Joer am saarlänneschen Duerf Hemmersdorf, deem säin Numm en dréit, an d'Liewe geruff. An der Programmatioun verbënnt de Responsabele Chris W. Burr Nimm, fir déi sech och eng Elbphilharmonie net ze schumme bräicht, mat enger Plaz, déi Geschichten erziele kann.

auto_stories

2 min

Der Duerf hir Kierch, St. Konrad mam Numm, huet net därmoosse vill Sëtzplazen, esou datt d'Covid-19-Restriktioune manner an d'Gewiicht falen. Am Verglach zu engem grousse Concertssall ass een trotz Pandemie dem Kënschtler ganz no.

"Wann d'Hania Rani net op hirer neier Plack mat Sangen ugefaangen hätt, dann hätte mer dëst Joer nëmmen instrumental Musek", esou de Burr, deen natierlech huet missten aus Bands auswielen, déi och an d'Saarland fuere kënnen.

Déi polnesch Pianistin ass op enger Mini-Tour mat Social Distancing Concerten ënnerwee a wäert zu Hemmersdorf de Programm vun hirer fuschneier Plack "Home" spillen. D'Plack ass een zweete Volet zu hirem Debut "Esja" a gesellt dem Piano Nils Frahm-änlech Synthesizerkläng, elektresch Bass, Batterie, an e puer Ausflich op der Stëmm dozou.

Hania Rani, Echo Collective a Chapelier Fou op der Affiche

De Film- a Bünekomponist Jóhann Jóhannsson, dee virun eppes méi wéi zwee Joer tragesch verstuerwen ass, huet mam Echo Collective ee fantastesche Sträichquartett hannerlooss, deen drop spezialiséiert ass, seng Kompositioune mat deem vun him gewollte Gefill ze interpretéieren. Dat onfäerdegt Wierk, "12 Conversations with Thilo Heinzmann", huet de Quartett mat hirer Kenntnes vum Komponist am Gepäck wéi een Tounband vervollstännegt, wou Deeler gefeelt hunn.

Als Drëtt op der Bün ass de Loutrenger Chapelier Fou annoncéiert, dee mat senger Gei, senger Loop-Station a sengem Cembalo d'Kierch sécher net am Duerf wäert loossen.

De Festival kann ee Live iwwer SR2 KulturRadio live matlauschteren a -kucken, mee och op Hemmerdorf kann ee fueren, wann d'Restriktiounen et den 13. September erlaben. D'Billjeeë si vun elo un op www.ticket-regional.de ze kréien.