Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Green Culture: De Klima-Killer Kultur

Nohaltegkeet am Lëtzebuerger Kultursecteur

Green Culture: De Klima-Killer Kultur

Wousst Dir, datt d'Museks- a Kulturzeen grouss Klimakiller sinn? Mee et gëtt Grond zur Hoffnung: Zu Lëtzebuerg engagéiere sech vill Kulturinstitutioune fir Nohaltegkeet a fir ressourcefrëndlech Evenementer. Esou Initiative ginn och vun der Politik ënnerstëtzt.

auto_stories

5 min

Och déi Lëtzebuerger Kulturzeen dréit zum Klimawandel bäi a stéisst pro Joer e groussen Deel u klimaschiedlechen Emissiounen aus. Dat huet eng aktuell Etüd vun der "Kulturstiftung des Bundes" aus Däitschland rezent erginn, déi iwwer ee Joer Donnéeë vun 19 Kulturinstitutiounen ausgewäert huet.

Wéi gesäit et zu Lëtzenbuerg aus? Am Land engagéiere sech eenzel Institutiounen am Kultursecteur fir Nohaltegkeet a méiglechst ressourcëfrëndlech Veranstaltungen an och d'Politik ënnerstëtz esou Initiativen.

"Eis Kulturschafend a Kulturinstitutioune si sech absolut der Erausfuerderung bewosst. Ech hu festgestallt, datt e grousst Ëmdenken scho länger Zäit am Gaangen ass, datt sech vill Gedanke gemaacht gëtt, wéi si kënnen hier kulturell Aktivitéite méi nohalteg gestalten", sou d'Kulturministerin Sam Tanson.

Ressourcen

Nohaltegkeet fänkt bei der Reduktioun vu Knascht, vu Waasser- a vu Pabeierverbrauch un. Besonnesch den Drock vu Plakater a Programmhefter ass ressourcenintensiv.

D'Kulturzentrum Abtei Neimënster probéiert dofir zum Beispill duerch méi Digitaliséierung de Pabeierverbrauch ze minimiséieren. Et gouf och d'Iwwerleeung fir d'Printversioun vun der Veranstaltungsbroschür an eng digital Versioun ëmzewandelen. Eng Ëmfro ënner den Abonnenten huet awer erginn, datt d'Drockversioun weiderhi preferéiert gëtt, erkläert d'Direktesch Ainoha Achetugi.

Virun allem Festivalle verursaachen ee groussen Deel u klimaschiedlechen Emissiounen a Knascht. Datt dat och anescht geet, beweist de Festival "Koll an Aktioun".

Hei géif ee virun allem drop oppasse fir méiglechst wéineg Wegwerfprodukter ze benotzen a méi op Glas ze setzen, sou d'Gina Arvai vum Koll.

"Nohaltegkeet heescht final net: 'Ech produzéiere guer näischt, mee et heescht, ech versichen et sou op de strikte Minimum zu reduzéieren dee méiglech ass.' Mir hunn ons d'Fro awer ëmmer weider gestallt an dem Sënn 'wéi kënne mer et quasi op Null reduzéieren, zum Beispill de Knascht'."

Och den Trifolion zu Iechternach preferéiert Glas an och am Theaterberäich géif ee probéieren duerch Recycling Ressourcen anzespueren, seet den Direkter Maxime Bender.

D'Kulturfabrik zu Esch gëllt als Virreider am Theema Nohaltegkeet am Kulturberäich. D'Kulturinstitutioun huet scho viru Joren eng hausintern Ëmweltcharta opgestallt un där sech orientéiert gëtt, erkläert den Direkter René Penning.

Produkter a Regionalitéit

Déi Lëtzebuerger Kulturhaiser passe besonnesch drop op, hir Produktpalett méiglechst regional opzestellen. Och Bio-Liewensmëttel gi gär akaaft.

Beim Festival Koll an Aktioun gëtt op ze vill Fleesch verzicht. Et gëtt probéiert fir de Gros vun de Produiten aus der Regioun ze bezéien. Verschidde Liewensmëttel gi souguer am Festival-eegene Geméisgaart ugebaut an et gëtt mat Sponsoren aus der Regioun geschafft, sou d'Gina Arvai.

"Mir huelen och lokal Acteure mat op de Wee a stellen ons ëmmer zesummen d'Fro 'wat ass den nächste Step dee mir nach kënne maachen, fir datt et einfach méi nohalteg gëtt'."

Infrastruktur

D'Deplacementer an d'Infrastruktur op der Plaz verursaachen dee gréissten CO2-Ofdrock.

Vill Institutioune sinn der Meenung, datt d'Ubannung un den ëffentlechen Transport net gutt ausgebaut ass an datt vill Leit mam Auto reese mussen. D'Philharmonie awer profitéiert vum Tram, deen direkt virun der Dier stoe bleift. Zousätzlech gëtt ee Bus-Shuttle-Service aus dem Tréierer Raum ugebueden, sou de Stephan Gehmacher, Generaldirekter vun der Philharmonie.

Bei der Abtei Neimënster reesen déi meescht Kënschtler a Kënschtlerinne meeschtens mam Zuch un. D'Abtei an och d'Ekipp vum Koll an Aktioun probéieren och fir d'Optrëtter tourneetechnesch logesch ze verbannen, fir datt keng zousätzlech Weeër entstinn.

D'Philharmonie huet fir Transferten a professionell Deplacementer vu Kënschtler en eegenen Elektroauto. D'Mataarbechter gi motivéiert fir kuerz Weeër mam Vëlo zeréckzeleeën. Et wier awer méi komplizéiert fir den Nohaltegkeetsgedanken am Orchesterwiesen ëmzesetzen, sou de Stephan Gehmacher.

"Am Orchester ass et natierlech am schwieregsten do ze spueren, well et geet éischter drëms ze kucken wéi eng Tournée ee mécht, wéi ee se mécht a wéi een d'Weeër sou vill wéi méiglech optiméiert."

Energie

D'Hëtze vun de Säll, d'Klimaanlagen an d'Liichttechnik verbrauchen enorm Energie. Dofir bezéien zum Beispill déi Escher Kulturfabrik an d'Abtei Neimënster nëmmen Öko-Stroum. D'Philharmonie, d'Kulturfabrick an den Trifolion hunn hir Luuchtesystemer op LED ëmgestallt. D'Philharmonie notzt d'Gebai op eng besonnesch Aart a Weis. Si hu Solaranlagen um Dag, déi een Deel vum Stroum fir Evenementer liwweren. Eventuell Iwwerschëss ginn an d'Netz agespeist.

D'Solarpanneauen um Dag vun der Philharmonie

Reflektioun an Initiativ sinn néideg

D'Majoritéit vun de befroten Institutioune fille sech vun der Politik an hire Beméiungen ënnerstëtzt. Verschiddene feelt et awer un enger zentraler Berodungsplaz, oder engem roude Fuedem, un deem ee sech orientéiere kéint.

Dee Probleem ass sech d'Kulturministerin Sam Tanson bewosst, si betount, datt een dat Theema séier wéilt ugoen.

All Institutioun an all Projet am Kultursecteur huet een eegene Foussofdrock, deen zur Klimabilanz bäidréit. Mee och mat all deene kleng Schrëtt ka schonn eppes erreecht ginn, virun allem gëtt doduerch eng gewëss Sensibilitéit fir d'Theema geschaaft.