Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nea Lone - What Does It Take?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frësche Rock aus Kanada, mat neiromanteschem New Wave-Aschlag.

Wares - Survival

Frësche Rock aus Kanada, mat neiromanteschem New Wave-Aschlag.

Déi kanadesch Formatioun mam Numm Wares huet mat hirer neier Plack "Survival" een Nerv getraff. De Marc Clement huet fir eis an d'Plack eragelauschtert.

auto_stories

2 min

Den Neien Album vu Wares huet d'Stëmm vun enger Eenzelgängerin, déi Gesellschaft fonnt huet. Als Solo Projet vun der Cassia Hardy si Wares virun e puer Joer zu Edmonton am Kanadeschen Alberta gegrënnt ginn. 2018 huet si schonns an hirem Debut d'Stëmm géint ländlechen Traditionalismus erhuewen, elo huet si mat enger zolitter Band u Gewiicht an Energie gewonnen. "Op all Track beweist d'Hardy hir Verséiertheet an enger anerer Zort vu Courage" schreift d'Heather Fares op All Music iwwer déi rezent zweet Plack "Survival".

Op wat kann ee sech also astellen? D'Single "Survival" zerwéiert Indie Rock mat enger gudder Protioun New Wave Couleur, mat Undenken un the Cure hir gothesch Idyllen an de fréie Smashing Pumpkins hir emotionale Metal-Exkursiounen. Songs wéi "Surrender into Waiting Arms" hunn eppes Euphoresches, wat sou just Rock-Musek ausdrécke kann. Ëmmer erëm léist sech d'Musek op dëser Plack aus der treffender Beschreiwung vun Trauma eraus a Momenter vum Opstoen, vum Erauswuessen a vum Striewen nom Sublimen, dat belount gëtt.

Immens villsäiteg Plack

D'Band klengt dobäi energesch, originell a voll, leet déck Gittaren ënner opbegierend Uergelen, ouni theatralesch ze ginn. Zu deene méi liichten Amenter vun der Plack, wéi op "Tether" zum Beispill, hin typesch majeur Indie Hooks mat donkelen Akkordintrusiounen ëmspullt déi kaum ee Moment daueren an dës Plack Esou villsäiteg klengen doen.

Wares ass selwer-gefillten, selwer-gespillten, an e bëssen imbriquéierte Rock, deen trotz enger gewëssener Komplexitéit dem Floss vu senger eegener formidabeler Energie ni och nëmmen eng Sekonn am Wee steet. Chorusséiert Gittaren a Bäss referenzéieren een neiromanteschen New Wave, deen d'Band ouni Effort iwwersteigt a moderniséiert. Wat Wares anere Rechauffementer vun 80er Gothik-Rock an 90er Power Pop viraus huet, ass Frëscht, Elan, an eng Bereetschaft zum Wandere mat de Wierder an de Gefiller. Well trotz hirer Accessibilitéit sinn d'Songs op Survival ni virauszesoen, mee si meanderen. "Tether" soll deen éischten Extrait sinn fir elo an hei eemol eranzelauschteren, entdecke kënnt dir d'Plack all Dag am Spektrum mat engem klengen Extrait géint véierel vir 5. Bonne Ecoute mat Tether, vun eisem Album vun der Woch: Survival vun der Kanadescher band Wares.