Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Francis of Delirium: Mat klengem Orchester

Congés Annulés

Francis of Delirium: Mat klengem Orchester

Mat Sträicher, Bléiser oder esouguer Orchester spillen, ass fir Museker ausserhalb vun der Klassik e spannend Erliefnis. Fir de kanadesch-amerikaneschen Duo vu Lëtzebuerg "Francis of Delirium" ass et dëse Samschdeg esouwäit. Der Jana Bahrich hir intim Grunge-Rock-Stécker kréie geschmeideg harmonesch Ënnerstëtzung. Den Jamie Reinert huet sech am Virfeld mat der Musekerin ënnerhalen.

auto_stories

2 min

De moderne Pop-Museker léisst et sech net entgoen. Déi kräfteg an texturräich Ënnerstëtzung vun engem Orchester ass eemoleg an dobäi kënne sech déi etabléiert akustesch Instrumenter all Projet uneegnen. Do bleift Grunge an Emo och net verschount.

Mee d'Musek vu "Francis of Delirium" ass souwisou schonn harmonesch interessant, sou datt déi orchestral Eskapade méi wéi Sënn mécht. Déi éischt Prouwe hätten op alle Fall e staarken Impakt op d'Jana Bahrich gehat.

"Déi Woch huet mech richteg markéiert. Wierklech. Et huet [sech] eng ganz Welt vu Fräiheeten opgemaach an eng Opreegung ausgeléist, alles ze exploréieren. Ech hat Konschtmusek schonn ëmmer gär. An déi ganz Experienz huet mech einfach motivéiert alles auszeprobéieren a mech net reng vu Rockmusek anengen ze loossen."

D'Musek vum Johannes Brahms wier fir déi orchestral Ëmsetzung vun hire Kompositiounen eng grouss Inspiratioun gewiescht. Arrangéiert gouf dat Ganzt vum Pol Belardi, deen och muer den Owend dirigéieren a Vibraphone spille wäert.

Weider Begleedung kritt d'Jana Bahrich da vun engem Sträicher Trio vu Bréissel, Cor, Fagott, Bass-Klarinett a Flute. Déi verzerrte Gittar a kräfteg Batterie ginn also op d'Säit gelooss, mee d'Stécker géife sech trotzdeem selwer trei bleiwen.

"Verschiddener hu gesot "wow, et ass esou cool, kléngt ganz anescht", mee fir mech kléngt et iergendwéi d'Nämmlecht, well d'Häerz vum Lidd eben nach ëmmer do ass."

D'Kollaboratioun mat all de Museker, dësem klengen Orchester, huet der Jana Bahrich Loscht fir méi gemaach. Et wier iergendwéi traureg gewiescht no de Prouwen zeréck an d'Schlofzëmmer ze goen, wou engem nëmmen d'Gittar iwwereg bleift. "Francis of Delirium" wäert also an Zukunft säi musikaleschen Horizont weider ausbreeden. Der Jana Bahrich hiren Enthusiasmus fir dëse Projet schwätzt fir sech selwer.

"Et huet einfach Spaass gemaach. Se sinn alleguer fantastesch Museker. Dacks war ech "kënnt dir dësen Deel vun dësem Stéck nach emol spillen?" a si ware "jo, natierlech!". Vläicht ware se e bësse genervt vu mir, well ech meng Freed net anhale konnt. Am léifste géif ech si alleguer mat a mäi klengt Zëmmer huele wou ech produzéieren. Fir se einfach do ze hunn."