Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Francis of Delirium lackele sech selwer aus der Reserv

Single “Come Out And Play”

Francis of Delirium lackele sech selwer aus der Reserv

Eng grouss UK-Tour steet un. D'Jana Bahrich ass opgestallt mat enger neier Single a räich u frëschen Erfarungen. "Come Out And Play" erzielt dovunner, wéi mir heiansdo alleguer Verstoppches mat eis selwer spillen an eis aus der Reserv lackele mussen. Een urgente Gittareriff an eng no uewen oppe Gesangslinn ficeléieren dës staark Single zesummen, mengt de Marc Clement.

auto_stories

2 min

Wourëms geet de Song?

D'Inspiratioun fir de Song ass mir zimmlech zoufälleg komm. Ech wosst, dass Clownen mech dee Moment faszinéiert hunn. Ech hat grad "Eight and a Half" vum Fellini gekuckt, ee Film mat enger grousser Prozessioun vu Clownen um Enn. Mee am Fong handelt den Text dovunner, wéi mir heiansdo Verstoppches mat eis selwer spillen.

Du hues am Juli deng Songs mat engem klengen Orchester an de Rotondes gespillt. Wat hues du vun där Erfarung dovugedroen?

O mäi Gott. Ech mengen et waren di opreegendst Woche vu mengem Liewen. Et huet mech geléiert, mech oppen ze halen, esou vill wéi méiglech Saachen ze probéieren an esou ville Leit wéi méiglech ze begéinen. Heiansdo kritt een am meeschten Inspiratioun vu Leit, déi ganz wäit ewech vun engem sengen normale Stil ewech schaffen.

Du stees kuerz virun enger Tournée mat enger gudder Dosen Daten a Groussbritannien. Ass esou eppes schwéier ze organiséieren am Moment?

Net fir mech, mir hunn elo eng Booking-Agence, déi sech dorëms këmmert, an ech ka mech einfach entspanen. E bësse Stress bleift awer, well een am Moment ni weess, ob ee Concert wierklech wäert kënne sinn. Do musst dir mir dann d'Daumen halen.

Maache mer. Frees du dech, erëm mat der Band ze spillen?

Gottseidank hate mir e bëssen Zäit, e puer Concert ze spillen an zeréck an de Jus ze kommen. Mee ech mengen et gëtt spannend, well dat heiten ass déi längste Kette vu Concerten, déi ech bis elo gespillt hunn. Et gëtt also ee gudden Test, fir am Auto zesummen erauszefannen, wéi gutt mir eis ausstoe kënnen.

An duerno, gëtt et Zäit fir ze raschten, oder direkt weider?

Am Ufank sollte mir duerno an Island fueren, mee leider ass den Icelandic Airwaves ofgesot ginn. Also raschten.

Dës Single steet e bëssen tëscht denger leschter EP "Wading" a méi neiem Material. Si weider Sortië geplangt?

Jo, den 13. Oktober kënnt eist neit Lidd "All Love" eraus. Dorop freeën mir eis.

Ass och nach een Datum zu Lëtzebuerg um Zäitplang?

Jo, mir spillen den 9. Oktober an der Escher Kulturfabrik fir den Out of the Crowd Festival.