Radioen

On air

De Moien  |  Sly & The Family Stone - Everyday People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Foster Sylvers - Misdemeanor

Sample vun der Woch

Foster Sylvers - Misdemeanor

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

"Misdemeanor" ass 1973 um Foster Sylvers sengem éischten Album erauskomm - hie war deemools eelef Joer al. Et ass geschriwwen vu sengem grousse Brudder a produzéiert vum Jerry Peters.

Wéi gesot, et war déi éischt Maxi vu sengem éischten Album a säi gréissten Hit ever. Seng Stëmm klengt iwwerdriwwe funky a räif fir säin Alter. Hie war deemools locker op engem selwechte Level mam Michael Jackson.

Dat dote war de Summerhit vun 1973 a seng Apparitioun bei Soul Train war bemierkenswäert. Soul Train war eng amerikanesch Soul an Funk Fernsee Show. Hie war do zesumme mat senge Schwësteren opgetrueden, Pat an Angie, déi d'Backing vocals gesongen hunn. 1975 war hien dann al genuch an der Familljenentreprise bäizetrieden. "The Sylvers" huet d'Grupp geheescht a se war scho mat all de Bridder a Schwëstere relativ etabléiert, bëssen esou wei d'Jackson 5.

Si hu bis an d'80s Hits zesumme geschriwwen, dunn huet den Foster nees eng Solokarriär ageschloen an huet zum Beispill fir Leit wéi Janet Jackson Lidder geschriwwen. Hien ass awer ni méi esou bekannt gi wéi deemools mat eelef Joer.

1989 huet den Dr. Dre hie gesampelt fir d'Lidd "It's Funky Enough" vum Rapper D.O.C. vum Album "No One Can Do It Bether". Dat gouf och dem D.O.C. säi gréissten Hit ever a gouf och dacks selwer gesampelt, ënner anerem vu geschmacklose Gruppe wéi zum Beispill 2 Unlimited. Den D.O.C. ass am Fong e Rapper aus Texas.

Hien huet seng Ufäng gemaach mat der Grupp Fila Fresh Crew. Just herno hat hien e bëssen eppes mat N.W.A. ze dinn, hien hat zum Beispill véier Tracks op hirer Kompilatioun "N.W.A. & The Possee". Duerno huet hien Deat Row Records zesumme mat Dr. Dre an Sugh Knight gegrënnt. Zanter hien en Autosaccident hat, huet hie sech e bëssen zeréckgezunn.

En anere Producer, deen de Foster Sylvers gesampelt huet, ass de Puff Daddy. Hien huet d'Lidd "That's Gangsta" fir de Rapper Shyne am Joer 2000 um Label Bad Boy erausbruecht.

Mee meng Liiblingsversioun bleift warscheinlech eppes, dat 2020 erauskoum, an zwar d'Lidd "Out Of Sight" vun der Grupp Run The Jewels. Si hu warscheinlech den Album vum Joer geschaaft mat hiren RTJ4.

D'Lidd ass e kloren Hommage un den D.O.C., si benotzen hei déi selwecht Perkussioun a Flow Elementer. De ganzen Album ass eendeiteg Protest-Musek a war och de Soundtrack fir vill Black Lives Matter Demoen. All Featuring ass perfekt erausgesicht, wéi hei zum Beispill den 2Chainz, e Rapper a Promi aus Amerika. Hien gouf notamment bekannt duerch seng Schauspillkarriär an der Viceland-Show "Most Expensivest".