Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Food For Your Senses mat Eternal Tango, Defdump an Inborn

D’Affiche ass do

Food For Your Senses mat Eternal Tango, Defdump an Inborn

Et wier bal e Blind Date ginn: Eng Woch virum Festival verëffentlechen d'Organisateure vum Food For Your Senses eréischt d'Affiche vun där leschter Editioun. Dräi Lëtzebuerger Rock-Bands wäerte sech extra fir de Festival reforméieren. Eternal Tango, Inborn an Thisisforevermore mat Membere vun der Hardcore-Formatioun Defdump.

auto_stories

5 min

"Et gëtt e knackege Best Of-Set", seet den Tom Gatti vun Eternal Tango. No aacht Joer wier et erstaunlech einfach gewiescht, fir nees zesummen ze spillen. "Et ass quasi wéi Vëlo fueren. Dat verléiert een iergendwéi net."

Bis elo wier den Optrëtt beim Food eng eemoleg Geschicht, seet den Tom Gatti. Et hätt een nach net doriwwer geschwat, ob a wéi et duerno mat Eternal Tango géif weidergoen.


Gespréich mam Tom Gatti:

Lauschterenplay_arrow


"Keng Defdump-Reunion"

"Et ass iwwerhaapt guer keng Defdump-Reunion", seet de Sänger Pascal Useldinger iwwer Thisisforevermore. Et géifen zwar Stécker vun Defdump opgegraff ginn, awer aus enger anerer Perspektiv an an engem komplett anere Gewand.

Op der Bühn sinn, niewent den Defdump-Membere Pascal Useldinger a Felix Faber oder nach d'Museker vum Trio Klein an d'Noémie Leer vun Elysian Gates, déi Gei spillt a séngt.

Hardcore meets Jezz meets Symphonic Metal ... Wéi dat kléngt, kann een de 26. Mee selwer héieren. "Et ass Musek", seet de Pascal Useldinger bestëmmt. "Dat war immens vill Aarbecht, mee et huet alles sech ganz natierlech zesummegefüügt."

Et sollt ee sech keng gëlle Mëtt tëschent akademescher Musek an Underground erwaarden. Et wier hinne wichteg gewiescht, "datt mir aus der Comfort Zon ginn, datt mir eis a Gefor setzen, datt mir nei Saache probéieren, datt mir probéieren iwwergräifend ze schaffen."


Gespréich mam Pascal Usedlinger:

Lauschterenplay_arrow


En neit Kapitel fir Inborn?

Inborn sinn zanter 2012 net méi zesummen opgetrueden. Niewent Stécker vum leschten Album Persona géife si och al Saache spillen, "déi un eis bësse méi mouvementéiert éischt Joren erënneren", seet de Sänger Cédric Kayser.

Et géif een dobäi och de Bléck no vir riichten. "Mir kucke wéi et sech fir eis ufillt, op mënschlecher a musikalescher Ebene. A wann et fir eis Sënn ergëtt, da géif et definitiv nach e Kapitel ginn." D'Bandmemberen hätten alleguerten e Regret, datt si net méi getourt wieren, an datt si mam Songwriting net do gewiescht wieren, op dat si hi gesteiert haten.


Gespréich mam Cédric Kayser:

Lauschterenplay_arrow


Fidder deng Sënner

Déi etabléierst Artistin op der Affiche ass d'Kate Tempest. D'Musekerin a Schrëftstellerin presentéiert de 14. Juni hiren neien Album "The Books Of Traps And Lessons".

Och den Afro-Beat an Jazz-Oktett Kokoroko vu London sollt een net verpassen. D'Formatioun ronderëm d'Trompettistin Sheila Maurice-Grey ass beim Tastemaker a BBC-Presentateur Giles Peterson sengem Label Brownswood ënner Vertrag.

Et däerf een och gespaant sinn op d'Paräisser Indie Pop-Formatioun Juniore, déi däitsch International Music, déi Krautrock mat intelligente Songs verbannen, oder op den experimentellen Electro Pop vun O/Y.

De radio 100,7 ass dee ganze Weekend iwwer live fir Iech um Food For Your Senses. E Sonndeg, de 26. Mee diskutéiere mir um 14 Auer mat der Kulturministesch Sam Tanson a verschiddene Festivalorganisateuren iwwer d'Schicksal vum Food For Your Senses a vum Rock-A-Field, d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir Museksfestivalen, an d'Roll vun der Politik.



De ganze Line-Up:
Bosq
Botticelli Baby
C'est Karma
Cari Cari
Chaild
Christina Kalyss
De Läb
Dessy Mesk
The Disliked
Donna Blue
Eternal Tango
Faces On TV
Hannah Ida
Hunneg-Strëpp
Inborn!
International Music
Jackie Moontan
Juniore
Kate Tempest
Kokoroko
L'Eclair
La Jungle
Malaka Hostel
Maz
Mutiny On The Bounty
Namdose
O/Y
Say Yes Dog
Seed To Tree
Serge Tonnar & Legotrip
Sons
Stayfou
Surma
THISISFOREVERMORE
Tuys
Tomberlin
Versus You
Yehan Jehan