Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Folk, deen ënner d'Haut geet

Joan Shelley - Like The River Loves The Sea

Folk, deen ënner d'Haut geet

Fir den Album vun der Woch geet et déi Kéier op Louisville am Kentucky. Awer och iergendwéi an Island. D'Singer-Songwriterin Joan Shelley ass fir hir siwent Plack bis op dës magesch Insel gereest. "Like The River Loves The Sea" gëtt vum Jamie Reinert presentéiert.

auto_stories

3 min

D'Musek vun der Joan Shelley ass einfach, filigran a poetesch. Eng onëmgänglech Stëmm an der amerikanescher Folk Zeen, déi d'Begrëffer vu Plaz, Wiesen an Zäit ëmmer nees captivant beliicht. Hir Heemecht a Source vun hirer Inspiratioun ass de Bundesstaat Kentucky.

Eng Géigend, déi e bësse stoe bliwwen ass, wou d'Zäit méi lues vergeet a sech sëllech Folk Traditiounen erëmfonnt hunn an och erhale bliwwe sinn. Der Joan Shelley hir nei Plack gouf déi Kéier allerdéngs net ëm den Eck, mee an Island opgeholl.

Eegenen Aussoen no hätt dem Lee Hazelwood säi 1970er Album "Cowboy in Sweden" eppes domadder ze di gehat. Den über-charmante psychedelesche Country-Pop Sänger mam elegante Schnutz.

Island befënnt sech natierlech och einsam am Atlantik. Tëschent dem amerikaneschen an europäesche Kontinent. An d'Joan Shelley fënnt sech och iergendwéi metaphoresch an dësem Eck erëm. Ëmgi vu béid amerikaneschen a britesche Folk-Traditiounen.

Distanz huet op "Like The River Loves The Sea" och matgespillt. Sech vu kënnegen Unhaltspunkten, Ëmgéigende lassléisen, fir sech selwer vun enger gesonder Distanz aus ze betruechten.

Op "Like The River Loves The Sea" gëtt d'Joan Shelley nees vum Nathan Salsburg begleet, deem seng verschléngelt awer diskret Melodien op der akustescher Gittar hir waarm Stëmm ergänzt. Hiren intime musikalesche Lien ass ähnlech wéi deen tëschent der Gillian Welsch an dem David Rawlings. Weider Folk Museker, déi mam zwee Gittare Set-up beandrockend Klanglandschafte schafen.

Um Album invitéiert d'Joan Shelley déi Kéier och aner Tonalitéiten mat an d'Spill, déi ganz onwahrscheinlech an diskret déi akustesch Stëmmung hiewen. Vun organesche perkussiven Elementer wéi Kouglacken, iwwer himmlesch Sträicher, duuss Tasteninstrumenter a Field Recordings.

En eleganten Album

De Will Oldhal, aka Bonnie Prince Billy daucht och op. Seng séiss Backing-Vocals füge sech ganz natierlech an de Mix an. Virun 13 Joer war dëse legendäre Folk Mann och an Island fir säin Album "The Letting Go" opzehuelen. Eng Plack, déi an hirer Intimitéit ähnlech vast an zäitlos kléngt.

Déi drëtt Persoun, déi de Sound vu "Like The River Loves The Sea" beaflosst huet, ass den James Elkington. E britesche Museker, deen zu Chicago baséiert ass, dee scho mam Richard Thompson oder Steve Gunn collaboréiert huet. Als Produzent huet hien zum ënnerdriwwenen Aspekt vum Album bäigedroen. Hei an do emol d'Fondatioune beräichert. Mee beim Joan Shelley geet d'Grondstruktur scho bal ëmmer duer. Hir Stécker ginn hei awer nach méi op, mat zeréckhalenden Arrangementer an enger Handvoll richtegen Nouten, déi mat Takt placéiert ginn.

"Like The River Loves The Sea" ass e Folk Album, deen ënner d'Haut geet, an dee sech mat Eleganz entfaalt. D'Rees bis an Island huet sech op alle Fall gelount.