Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Orchesterakademie fir den OPL

Philharmonie

Eng Orchesterakademie fir den OPL

Ronn 100 Musekerinnen a Museker aus ronn 20 verschiddene Länner spillen am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Plaz ass trotzdeem nach: Den Orchester soll fir d'Saison 2021/22 nämlech siwen nei Membere kréien. Allerdéngs keng regulär Memberen, mä Museker*innen déi am Kontext vun enger nei gegrënnter Orchesterakademie fir den Orchester schaffen. Lancéiert gëtt d'Akademie an der Saison 2021/22 mam éischte Concert vum OPL.

auto_stories

2 min

Philharmonie (© Alfonso Salgueiro Lora)

Eent vun den Ziler wier et, de Museker*innen esou en Iwwergang vum Studium op de Beruff z'erméiglechen, seet de Patrick Coljon Senior Orchestermanager an der Philharmonie. Op den Héichschoule géif nämlech méi wäert op d'Technik, wéi op d'Orchestererfahrung geluecht ginn. Fir datt d'Akademie mam Studium ze kombinéieren ass, kréien d'Museker*innen e Kontrakt fir eng hallef Tâche iwwer zwee Joer. D'Konditioun fir kënnen ze participéieren, ass e Bachelor-Diplom.

Jong Talenter aus aller Welt

Et wéilt ee jonk Talenter aus der ganzer Welt rekrutéieren, déi dann no den zwee Joer motivéiert sinn, sech fir eng fest Plaz am Orchester ze mellen. Dëst wier dat längerfristegt Zil, seet d'Marie Caillet, Senior Manager ënnert anerem am Beräich vum Developpement. E weidert Ziler wier et, dem OPL op der Bün vun der internationaler Musekszeen eng nei Dimensioun ze ginn.

"Et ginn an Däitschland bei deene groussen Orchesteren nämlech enorm vill Akademien. Et war un der Zäit, datt och mir dëse Schrëtt ginn, andeems mir eis eegen Akademie zu Lëtzebuerg lancéieren."

Concerten, Opnamen an Tournéeën

Zum Package, deen d'Participante gebuede kréien, gehéiert ënnert anerem d'Logement an engem Haus an der Stad. Doriwwer eraus kréie si e Cachet fir hir Aarbecht, Coursen an hirem Fach a si kënnen aktiv um Orchesterliewe participéieren. Dozou gehéieren déi regulär Concerten, genee esou wéi Opnamen an Tournéeën.

Siwe Plaze sinn den Ament ausgeschriwwen: véier Geien, eng Bratsch, een Cello an eng Plaz an der Perkussioun. Bis ewell hätt d'Philharmonie 116 Kandidature kritt, seet de Patrick Coljon.

"Déi kommen aus Süd-Amerika, queesch duerch Asien, China, Russland, Nordafrika. Just aus Australien hu mir nach keen."

Vergréisserung an zwee Joer?

Eng Kandidatur géif och aus Lëtzebuerg kommen. Nach bis den 10. Mee 2021 kënne sech d'Kandidate mat engem Dossier mellen. Nodeems op Basis vun dësen Dossieren eng Selektioun getraff gouf, ginn am Juni Auditiounen ofgehalen. Zil ass et d'Akademie iwwer déi nächst zwee Jorer kënnen auszebauen, erkläert de Patrick Coljon.

"Mir hoffen, datt mir an zwee Joer esou opgestallt sinn, datt mer [...] 15 Akademisten kënnen hunn."