Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Naturkraaft

Moses Sumney - Live From Blackalachia

Eng Naturkraaft

De ghanaesch-amerikanesche Sänger Moses Sumney huet de leschte Summer an den Appalachen am US-amerikaneschen Osten eng Selektioun vu senger Diskographie live opgeholl a gefilmt. Mat siwe-käppeger Band an enger direkter, zeenescher Experienz ass dëst, dem Marc Clement no, eng massgeblech Plack fir de jonke Kënschtler, deen trotz engem risegen Talent ëmmer mam Studio a senge Contraintë gekämpft huet.

auto_stories

4 min

Jiddwereen, deen de Moses Sumney live gesinn huet, sief et och just an engem Online-Video, weess, de Mann ass ee Phenomen. Gebuer a Kalifornien, zeréck mat sengen Elteren an deenen hiert Ursprongsland Ghana gefouert fir seng Teenage Joren, huet hie seng éischt Musek op enger Geessefarm ausserhalb vun Accra geschriwwen, wou him déi afrikanesch Liewensweis Problemer bereet huet. All seng Musek war Acapella - Instrumenter sollt de Sumney sech eréischt méi spéit matbréngen - an eréischt am Alter vun 20 huet hien sech getraut, se eemol op enger Bün ze spillen. Dat war, wou hie mat senger Famill zeréck op LA geplënnert war. Offere vu Labels huet hie schwéieren Häerzens ofgeleent, well hien d'Gefill hat, datt hien géif an eng Schabloun gepresst ginn. Op der UCLA huet hie Schreiwen a Poesie studéiert, wat sengem Songwriting eng weider Dimensioun bäiginn huet.

Eng wëll Virstellung vun Integratioun mat der Natur

Säin éischten, fënnef Lidder staarken Extended Play huet hien eleng mat engem 4-Spueren-Apparat opgeholl, deen hie vum Davie Sitek vun TV on the Radio geschenkt krut. First Takes, also Opnamen, déi net astudéiert waren, hunn de Gros vun dëse Songs ausgemaach, déi bewosst onfäerdeg a situationell geklongen hunn. Firwat also net eng vu senge béiden erfollegräichen a vun der Kritik geluefte Studioplacken als Album vun der Woch auswielen, wann d'Chance sech schonns zweemol, 2017 an d'lescht Joer gebueden huet? Grad wéinst sengem Parcours, deen de Live an Opnamen no um Live privilegiéiert huet. Keen hätt geduecht, de Sumney géif eng Live-Opnam an Albumlängt Verëffentlechen, mee d'Pandemie schéngt hie genee op des bal evident Iddi gestouss ze hunn.

"'Live From Blackalachia" ass eng wëll Virstellung vun deem, wat ka geschéien, wann ee sech d'Natur net nëmmen appropriéiert, mee sech mat hir integréiert. Opgeholl a gefilmt gouf de Live-Album op zwee sonnege Summerdeeg, net wäit vu senger neier Heemecht, dem North Carolina, an deene Bierger op der amerikanescher Ostküst, déi een Appalachen nennt. 'Blackalachia' deckt Lidder aus dem Sumney senger ganzer Diskographie of, an Zeen gesat vun enger ganzer Band.

Am Zentrum vun Allem steet dem Sumney seng stëmmlech Presenz, déi live nach vill méi an de Virdergrond réckelt wéi op senge Placken. Et kann ee bal net gleewen, dass dësen Typ esou séngt, ouni Netz an duebele Buedem, mee bewisen huet hien dëst op onzielbar ville Bünen an op enger Performance fir den amerikanesche Radiosender KEXP virun 3 Joer.

D'Natur an d'Sange gi fir de Sumney Hand an Hand. "Raum ass esou e wichtege Bestanddeel vum Gesang, sot hien d'lescht Joer dem Magasinn Cultured, grad esou wéi ee muss Otem huelen. D'Momenter, wou ee wielt net ze sange, beaflossen d'Musek genee esou vill wéi déi aner."

Eng räich Stëmm

Seng Stëmm a seng Lidder, déi aus senger eegener "Natur" eropkachen, zeréck, eraus an d'Natur ze sange, schéngt dem Museker ganz wichteg gewiescht ze sinn. Och déi mënschlech Natur, an domat Them vu Léift a Sexualitéit sinn him wuel wichteg. Et gëtt vill Spekulatioun iwwert dem Sumney seng Sexualitéit, an et wier engem verzeien, nom Héiere vu bekannt Songs wéi "Virile" oder no enger Impressioun vu sénger liberéierter Manéier sech ze presentéieren, vu senger Homosexualitéit auszegoen. "Aromanticism", seng lescht Plack, dréit zum groussen Deel ëm romantesch Léift an déi Manéier, wéi se vun der Konsumgesellschaft ausgeschluecht gëtt, fir alles ënnert der Sonn ze verkafen, mee och, wéi se Koppele vun allen Zorten a Geschlechter oft e bëssen ze vill genee virschreift, wéi se mateneen ze sinn hunn. Do wou Kënschtler wéi Serpentwithfeet oder Lil Nas X schwaarz Homosexualitéit als duebele Minoritéitsphenomen feieren a verstëmmlëchen, steet de Sumney op enger vill méi fluider Positioun, esouwuel wat Geschlecht wéi och wat Sexualitéit ugeet. Fir hie si Klischeeën a prettverpaakte romantesch Erwaardunge fir Heterosexueller genee esou schiedlech, geféierlech a faarweg wéi fir hie selwer, an et rentéiert sech deemno fir jiddwereen, säi Gléck jenseits vum dobaussen Erwaarten ze sichen, an deem wat ouni vill Reegelen an engem banneschten Espace tëscht zwee Mënsche geschitt. An domat ass hie vum traditionelle schwule "Camp" à la Village People esou wäit ewech wéi een nëmme kann.

Op "Blackalachian" entfaalt sech deemno eng Stëmm, déi sech räich, räif, gebilt, subtil a fräi an d'Welt eraus projezéiert. D'Dramatik vum Film ergänzt di impressionant Performance op der Audio-Spur: no enger hallwer Stonn Concert entfleucht de Sumney wéi magesch an d'Loft a schwieft eng ganz Partie Meteren iwwert dem Buedem, nëmme fir am nächste Shot déi Seeler, déi hie festhalen, ze entlarven. Wärenddeem passen d'Lyrics perfekt bei de visuelle Moment: "Meng Flilleke sinn erfonnt, genee wéi ech och." Änlech wierksam begleet di 7-käppeg Band duerch des Songs, mat enger Konsequenz an enger Fluiditéit, déi des Performance zu enger vun deene beréierendste vum Joer mécht.