Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng introspektiv a perséinlech Aarbecht

Adrianne Lenker - songs and instrumentals

Eng introspektiv a perséinlech Aarbecht

D'Adrianne Lenker ass bekannt als Sängerin a Gittaristin vun der Ameircana-Band Big Thief. D'lescht Woch huet si en neie Solo-Duebelalbum erausbruecht. E melancholescht Wierk mat just akustescher Gittar a Gesank, dat an enger Hütt am Bësch opgeholl gouf. "songs" an "instrumentals" vun der Adrianne Lenker ass eisen Album vun der Woch.

auto_stories

3 min

Foto: Genesis Baez

A schwéieren Zäite gouf ëmmer déi pertinentste Musek geschriwwen. Déi aktuell Situatioun vu Pandemie a gesellschaftlecher Desorientéierung rifft natierlech popkulturell Reaktiounen ervir.

Vill Kënschtler engagéiere sech mat hirer Konscht, ruffen zur Participatioun un demokratesche Prozesser op, oder prangere Mëssstänn un. Anerer zéie sech zeréck a schreiwe Lidder, déi déi déif Melancholie reflektéieren, déi sech wéi e Schleier iwwer dëst Joer zitt.

Libeskummer kuréieren

D'Adrianne Lenker gehéiert zu där zweeter Kategorie. Den eigentlechen Ausléiser - dat gëtt een um Album gewuer - war awer net de Virus a seng Konsequenzen. Eng Trennung an hiert gebrachent Häerz hunn d'Sängerin dozou bruecht fir Musek opzehuelen, déi immens beréiert.

D'Geschicht hanner dem neien Duebelalbum vun der Adrianne Lenker ass déi hei: Am Mäerz gouf d'Tournée vun hirer Band Big Thief wéinst dem Virus ofgesot. Si ass aus Europa op New York geflunn, an huet eng Hütt am Bësch fonnt, déi fräi war. Do wollt si hire Libeskummer kuréieren.

Si hätt sech an där hëlzener Hütt immens wuel gefillt, a virun allem d'Akustik hätt hir sou gutt gefall, datt si den Drang gehat hätt fir eppes opzehuelen. Et hätt sech ugefillt wéi am Korpus vun enger akustescher Gittar, schreift d'Adrianne Lenker op hirer Homepage.

Hypnotiséierend Gittars-Picking

Si huet den Tountechniker Philip Weinrobe ugeruff, an déi zwee hun d'Hütt an en analogen Opnamstudio ëmgewandelt. Datt d'Hütt aus Holz ass, an d'Opnamen op Tounband an net op e Laptop gemaach goufen, ass mol eng Kéier keen esotereschen Detail, mee e wichtege Bestanddeel vum kreative Prozess vun dësem intimen an onmëttelbare Wierk.

Ouni iergendwellech Effekter, mee just mat hirer eegewëlleger, nasaler Stëmm, hirem hypnotiséierende Gittars-Picking, an hire plakegen awer poeteschen Texter péckt d'Adrianne Lenker den Nolauschterer. Ob een am Bus sëtzt oder am Auto, an der Fotell oder beim Schreifdësch fir den Album ze lauschteren ... d'Kënschtlerin zitt een direkt bei si an d'Hütt bei den Uewen.

Et si manner d'Niewegeräischer, déi virun allem um Ufank an um Enn vun de Lidder nach ze héiere sinn, mee et spiert een d'Direktheet vun dëser Aarbecht an all Nout, an all Silb, an all Schwénge vun de Säiten.

Trotz der puristescher Approche gouf mat engem Multitrack recorder geschafft, sou datt d'Adrianne Lenker mat dezenten Overdubs den Opnamen eng schéin Déift konnt ginn.

Dat neit Wierk vun der Adrianne Lenker ass wéi gesot en Duebelalbum. Um éischten Disk "songs" sinn, wéi den Numm et scho verréit, Lidder. Deen zweeten heescht "instrumentals" - dat si Collagen aus Sessions entstane sinn, déi d'Musekerin an den Touningenieur all Moien an all Owend als Ritual opgeholl hunn.

Déi introspektiv a perséinlech Aarbecht vun der Musekerin gëtt ënnerstrach vun zwou Waasserfaarf-Zeechnunge vun hirer Bomi, déi op de Covere sinn.

"Songs" an "instrumentals" passe perfekt an dëse melancholeschen Hierscht a wäerten eis duerch dee laange Pandemie-Wanter begleeden. "Ech si frou, datt dës Musek entstanen ass", schreift d'Adrianne Lenker. "Déi Lidder hu mir gehollef ze heelen. Ech hoffen, datt dës Musek op d'mannst op eng kleng Aart a Weis däi Frënd ka ginn."