Eppes Wichteges direkt virweg: D'Meg Duffy, déi Persoun, déi hannert dem Folkrock-Projet Hand Habits stécht, an em déi et also haaptsächlech an dësem Bäitrag geet, versteet sech als non-binär. Fir dësem Ëmstand sproochlech beschtméiglech gerecht ze ginn, ginn ofwiesselend weiblech a männlech Pronomen an Artikele benotzt.
Klasseschen amerikanesche Songwriting
Hand Habits, dat sinn d'Gewunnechte vun eisen Hänn, déi sech jo zum Beispill verselbststännegen, wa mir op eppes konzentréiert oder an eppes verdéift sinn. Dem Meg Duffy seng Hänn kënne virun allem eppes besonnesch gutt: Hien huet sech nämlech e Numm als exzellente Session-Gittarist gemaach, besonnesch seng Skills op der Slide-Gittar si vill gefrot.
En Talent fir Bescheidenheet
Den Album "Fun House" weess vum Meg Duffy sengem Talent vun der gekonnter Zeréckhaltung ze profitéieren. Eng perfekt ausbalancéiert Harmonie zeechent dës Plack aus, sief et duerch déi douce Arrangementer, déi dezent a geschmackvoll Gittarenasäz oder och déi sober, mee waarm Produktioun.
Méi modern Aflëss, wéi zum Beispill deen een oder anere syntheeteschen Arpeggio, sinn och ze héieren. Beim éischten Titel "More Than Love" hu mir et mat engem zimmlech klassesch opgebauten Indierock-Lidd ze dinn, wat allerdéngs duerch seng onopgereegte Klimax ze iwwerzeege weess. D'Meg Duffy séngt dovun, datt Léift eleng fir eng Bezéiung dacks net duergeet.
Ongekënschtelt an onopdrénglech
D'Lyrics bleiwen, wéi d'Instrumentéierung och, zeréckhalend. Der Meg Duffy hir ongekënschtelt Stëmm rifft duerch hir intim Ablécker vill Biller ervir a beréiert op eng onopdrénglech Manéier. Am Lidd "Just To Hear You" kritt si Bäistand vum Michael Hadreas, dat ass de Kapp hanner dem immensen Indiepop-Genie Perfume Genius. Den Track "No Differences" geet dann och op d'Identitéitsproblematik an, déi hei ufanks kuerz ugeschwat gouf.
A schéine Biller gëtt hei usazweis erzielt, wéi et sech ufillt, wann een op der Sich no sech selwer ass, a wann dat Geschlecht, wat engem vu baussen zougeschriwwe gëtt, sech wéi en Anker ufillt, deen een dovun ofhält, weiderzezéien. Bref, Hand Habits liwwere mat hirem drëtte Longplayer "Fun House" eng ganz douce a stilsécher, mee och touchant Reinterpretatioun vum traditionellen amerikanesche Folk-Sound. Onbedéngt eralauschteren, et lount sech.