Radioen

On air

De Moien  |  Scissor Sisters - Take Your Mama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Endlech emol eppes no mengen eegene Virstellunge maachen"

Eddie Chacon

"Endlech emol eppes no mengen eegene Virstellunge maachen"

Mat 56 Joer e Comeback ze feiere wier net einfach gewiescht. Den 90er Soul-Crooner ass no sëllege Joren nees am Studio. Den Eddie Chacon gëtt en Abléck an déi magesch Produktioun vu "Pleasure, Joy and Happiness".

auto_stories

3 min

Zéng Joer laang hat den Eddie Chacon keng Musek méi gemaach. De groussen Hit "Would I Lie To You" als eng Hallschent vum Soul-Duo Charles & Eddie, hat ufanks den 90er néierens richteg higeféiert. D'Museksgeschäft huet hien am Stach gelooss. D'Inspiratioun ass biergof gaangen.

"Ech war immens stolz iwwer dat, wat ech mam Charles an den 90er gemaach hunn. Ech wollt näischt maachen, wat net op deem Niveau wier."

Wann hie mol erëm Musek géif maachen, da misst et eppes wierklech Spezielles sinn. Iwwerdeems hätt hien an de leschte Jore senger Fra gesot, datt wann hien nach emol en Album géing ophuelen, da misst et en Album sinn, deen een nëmmen a sengem Alter kéint maachen.

Eppes Perséinleches, net den Norme vum kommerzielle Pop-Marché ënnerleeën. "Keng Plack mat e puer Hits, mee en Album, deen als Ganzt eng Lauschter-Experienz ass".

De komplette Géigendeel vun deem, wat hien als jonken 20 Joer ale Lidderschreiwer fir Plackelabele geléiert gouf.

"Ech war och virwëtzeg ze gesinn, wéi den Alter mäin Talent affektéiert hätt".

De Wee zeréck bei d'Musek

De Comeback wier op d'Begéinung mam Produzent John Carroll Kirby zeréckzeféieren. E Museker, dee fir seng Zesummenaarbecht mat Solange, Blood Orange oder nach Frank Ocean bekannt ass.

Seng ënnerdriwwe meditativ Aarbecht wier dee speziellen Ausléiser fir de Retour zur Musek gewiescht.

Den Eddie Chacon hat immens vill Vertrauen a wousst, datt hien a gudden Hänn wier. Et wier bal magesch gewiescht mam Produzent ze schaffen.

Dacks wousst hien net, datt si schonn amgaang wieren opzehuelen. "Hien huet keen deieren, sophistiquéierte Studio, benotzt keng Kopfhörer".

D'Plack ass spontan entstan

Den Eddie souz ganz chill op engem Stull am Kirby senger Stuff. Si hätte grad dem Kirby säin instrumentalen Track gelauschtert, do seet de Kirby "Wëlls de sangen?". An esou wier d'Aarbecht spontan ausgeféiert ginn. D'Lidder goufen an engem Stéck, vu vir bis hannen opgeholl.

"Et huet sech emol net ugespiert, wéi wa mir iwwerhaapt probéiere géifen. Et waren einfach zwee Kärele komplett am Moment amgaang eppes ze kreéieren. A menger ganzer Karriär hunn ech dat esou nach ni erlieft."

Den Album gouf pre-Covid opgeholl. Hien hätt sech deemools schonn zimmlech iwwerfuerdert gespiert vun all den Noriichten, d'Intensitéit vun de soziale Medien, wat alles bedeit a wéi séier sech alles beweegt. "Ech hunn e Broch vum Chaos gebraucht. Eppes immens Schéines, Erfrëschendes".

Ee gudde Feedback

Den Eddie Chacon wier immens houfreg a positiv iwwerrascht, wéi vill seng nei Plack appreciéiert géif ginn. Et wier nämlech en intimen Album, ouni Lidder, déi richteg ofrappen.

"Ech si frou, datt Saache wéi dat heiten hire Wee kënne fannen. Mënschen, déi Musek appreciéieren, ginn op de Fong vun der Saach a versiche Gold ze entdecken, och wann et eppes ass, wat net vun engem décke Label verëffentlecht gëtt."

Elo datt hien nees zeréck an der Musekszeen wier, géif hien awer keen Drock spieren. Éischter de Géigendeel.

"Ech hunn ëmmer dovu gedreemt, datt ech enges Daags eppes no mengen eegene Virstellunge kéint maachen. Eppes fir mech, mat der Freed, dat och mat jiddwerengem kënnen ze deelen. Dat hei ass d'Kiischt um Kuch".